Sängerin, Webvideoproduzentin a Multiinstrumentalistin; haut huele mir eis Moment Zäit fir d'Jasmine Thompson.

D'Duechter vun enger chinesescher Mamm, dowéinst och den 2. Virnumm Ying, an engem englesche Papp, kënnt den 8. November 2020 zu London op d'Welt a grënnt am Alter vun 10 Joer de Youtube-Kanal TantrumJas. Op deem Kanal gesäit een nieft Danzvideoen och Coverversioune vun anere Kënschtler, en éischte groussen Hit war La La La vum Naughty Boy. 2013 ass dunn den éischten Album Bundle of Tantrums, selwer produzéiert. Wéi d'Jasmine Ain't Nobody vu Chaka Khan gecovert huet, gouf et och en éischte Succès an de britteschen Charts, bis op d'Plaz 32 ass et gaangen. Sou wéi et ausgesäit hat och den däitsche Produzent Felix Jaehn Gefalen un där Versioun fonnt, an esou kënnt 2015 e weidere Remix vun Ain't Nobody eraus a gëtt eng vun de meeschtverkaafte Singlen an Däitschland. Fir dës Rubrik vun den akustesche Coverversioune geet et an den Album Another Bundle of Tantrums op deem d'Jasmine Rather Be vu Clean Bandit covert.

An der Originalversioun ass iwwregens d'Jess Glynne ze héieren.