De Steve Schiff vun der Nina Hagen Band an de Keith Forsey waren an den 80er beoptraagt gi Musek fir de Film The Breakfast Club ze komponéieren. Eent vun de Lidder dat duerno internationale Succès kannt huet, war awer schwéier bei engem Artist ze placéieren.

Déi 2 Songwriter hate vun Ufank un d'Simple Minds am Kapp; si sollten Don't You fir de Film ophuelen. Nodeems de Keith Forsey, zesumme mat der Plackefirma A&M, no engem Optrëtt vun de Simple Minds hiert Uleies matgedeelt hunn, huet d'Grupp "Nee Merci" gesot. Den Jim Kerr war der Meenung datt si just hir eege Lidder ophuelen, dobäi koum awer och nach e gewësse Frust well d'Grupp nach kee Succès an den USA kannt huet. Duerno huet ee probéiert de Billy Idol, Bryan Ferry an de Corey Hart fir d'Opnam ze begeeschteren, ma och déi Kënschtler hunn alleguer ofgesot. Et war schlussendlech déi deemoleg Fra vum Jim Kerr, d'Chrissie Hynde, déi d'Simple Minds iwwerzeegt krut d'Lidd schlussendlech opzehuelen. Dat gouf dann och gemaach, an nëmmen 3 Stonne war d'Lidd an der Këscht an d'Begeeschterung huet sech nach ëmmer a Grenze gehalen. Den Jim a seng Leit dierfte grouss Ae gemaach hu wéi d'Lidd sech duerno entwéckele sollt; Nummer 1. an den USA, a Kanada an och bei den Hollänner. Heiansdo muss een eben zu sengem Gléck forcéiert ginn.

Eng duerchaus intressant Coverversioun geet op de Kont vum Duo The Wind and The Wave, dat sinn d'Patricia Lynn an den Dwight A. Baker. Hir Musek geet Richtung Country, dowéinst ass et och net ganz verwonnerlech datt e puer vun hire Stécker an de Serien Nashville an Hart of Dixie ze héiere sinn. Hir Versioun vun Don't You (Forget About Me) ass um Album Covers One ze fannen.