Dir kënnt iech bestëmmt nach un dem Gotye säi groussen Hit Somebody That I Used To Know erënneren. Den Titel gouf net laang duerno vun enger kanadescher Grupp op eng ganz kreativ Manéier gecovert.

Et geet ëm Walk Off The Earth déi sech 2006 forméiert hunn a mat hiren Interpretatiounen iwwer d'Plattform Youtube Millioune Leit op der ganzer Welt begeeschteren, sou dann och mat hirer Versioun vu Somebody That I Used To Know bei där déi ganz Grupp op enger eenzeger Gittar spillt. An nëmmen enger Woch haten iwwer 17 Millioune Leit de Video gekuckt, haut ass ee bei iwwer 192 Millioune Views. Déi selwecht Grupp covert ëmmer nees Lidder vu bekannte Kënschtler wéi zum Beispill Tina Turner, Wheatus, Madonna, Adele an ënner anerem och den Tom Petty. A well den Tom Petty haut virun 23 Joer e Stär um Hollywood Walk of Fame krut, läit et dach e bëssen op der Hand wéi e Lidd elo am beschte passt. You Don't Know How It Feels ass 1994 als Leadsingle vum Wildflowers-Album erauskomm, den Titel packt et bis op déi 13. Plaz vun den amerikanesche Singlecharts.

D'Versioun vu Walk Off The Earth ass iwwregens viru 5 Joer publizéiert ginn.