Déi Kéier steet d'Famill Patrick am Fokus an der Rubrik vun den akustesche Coverversiounen. De Richard Patrick haut 54 Joer. Säi Brudder, de Robert Patrick huet zwar haut kee Gebuertsdag, mä jiddereen deen den Terminator 2 gesinn huet, weess wéi de Robert ausgesäit, hie war dee béisen Terminator, den T-1000.

A vu datt de Robert keng Musek mécht, mä säi Brudder de Richard Patrick, lande mir elo bei der Grupp Filter, déi de Richard no senger Zäit bei Nine Inch Nails gegrënnt huet. Dës amerikanesch Rockband gouf et tëscht 1993 an 2003, du ware 4 Joer Paus an zënter 2007 ass Filter och nach haut aktiv. Et ware virun allem déi 2 Albumen an den 90er déi d'Grupp ronderëm de Richard Patrick op d'Weltkaart vum Industrial Rock, respektiv Post-Grunge, bruecht huet. Op der 99er Plack Title of Record ass dann dat Lidd ze fannen ëm dat et haut an dëser Rubrik geet, Take a Picture, wann ee sou wëll hire gréisste kommerzielle Succès, ëmmerhi war et a Kanada en Nummer 1. Hit. An dëser Ballad, éischter ongewéinlech fir Filter, geet et ëm de Richard Patrick seng Alkoholexzesser a méi präzis ëm eng Zeen an engem Fliger an deem de Richard Patrick esou voll war datt hien nëmmen nach am Kalzong do souz. Déi Probleemer mam Alkohol an den Droge gehéieren awer der Vergaangenheet un, de Richard ass zënter bal 20 Joer clean.

Eng akustesch Coverversioun vun Take a Picture ass vun der Sängerin Luisita Peixoto ze fannen, wat een net vun Informatiounen iwwer d'Sängerin behaapte kann. Ass jo och net schlëmm.