Et geet an Australien bei eng Rockgrupp déi am Joer 2003 hiren Debutalbum Get Born op de Marché bréngt. Déi éischt Single aus deem Album mécht d'Grupp Jet ronderëm de Globus bekannt. Are You Gonna Be My Girl packt et a ville Länner bis an d'Top 20 vun den Hitparaden, dorënner Kanada, Irland, Neiséiland an och bei de Britten.

Wann een ganz genee lauschtert, kéint ee mengen d'Grupp hätt sech beim Iggy Pop sengem Lust for Life inspiréiert, si selwer soen awer datt de Rhythmus vun Are You Gonna Be My Girl méi Gemeinsamkeete mat de Motown-Lidder I'm Ready For Love vu Martha and the Vandellas a You Can't Hurry Love vun The Supremes hätt. Wien elo wat méi eraushéiert, decidéiert jidderee fir sech selwer.

Eng nawell exotesch Coverversioun vun Are You Gonna Be My Girl ass viru 6 Joer vun der Scott Bradlee's Postmodern Jukebox erauskomm. Dësen amerikaneschen Ensembel, bei deem déi et u sech keng fest Membere ginn, bis op de Scott Bradlee, deen d'Grupp an d'Liewe geruff huet, ass bekannt fir seng kreativ Coverversiounen. Do gëtt all Zort vu Musek an Jazz, Ragtime oder Swing verwandelt, sou dann och Are You Gonna Be My Girl fir den Album Swing The Vote vu viru 6 Joer.