A weider geet et an der Serie vun den akustesche Coveren. Déi Kéier eng Grupp déi nach net dru war; The Cure.

D'Rees geet an de Süde vu Frankräich, do ass viru 35 Joer den Album Kiss Me, Kiss Me, Kiss Me entstanen an och opgeholl ginn op deem dann och den Titel ëm deen et haut geet, Just Like Heaven, ze fannen. Den Text, geschriwwe vum Robert Smith, handelt et vun engem Ausfluch op d'Mier zesumme mat senger zukünfteger Fra. Deen Trip schéngt beim Robert hänke bliwwen ze si well och de Video baséiert op deenen Erënnerungen. Nach ier den Text vun Just Like Heaven fäerdeg war, gouf eng instrumental Versioun fir déi franséisch Sendung Les Enfants du Rock benotzt.

Ënner anerem Dinosaur Jr. an och d'Katie Melua hunn d'Lidd gecovert an eng ganz rezent Versioun vun The Lumineers zirkuléiert och op de Streaming-Plattformen. De Wesley Schultz an den Jeremiah Fraites haten Ufanks dës Joer am Kader vun enger Live-Session fir SiriusXM zum Beschte ginn.