Haut viru genee 9 Joer kënnt de 4. a leschten Album vun Daft Punk eraus. Fir Random Access Memories waren déi 2 Fransouse ronn 4 Joer beschäftegt, en Opwand dee sech loune sollt, well d'Plack a ville Länner op der Welt bis op déi éischt Plaz vun den Albumcharts klamme konnt.

An och bei de Grammy Awards e Joer méi spéit huet den Album méi wéi eng gutt Figur gemaach; et goufe 4 Auszeechnunge fir den Album a fir den Hit Get Lucky mam Pharrell Williams waren och 2 Grammye reservéiert. Et kann een also duerchaus vun engem Succès fir den Thomas Bangalter an de Guy-Manuel de Homem-Christo schwätzen. Fir d'Rubrik vun den akustesche Coverversiounen ass de Choix dann och op Get Lucky gefall, eng Single déi deemools net mat enger Internetcampagne ugekënnegt gouf mä mat gudden ale Reklamme laanscht d'Stroossen, duerno goufe Stécke bei Saturday Night Live gewisen an um Coachella Festival ass e Videomessage gewise ginn.

Vu Get Lucky ginn et och e Pak Coverversiounen, zum Beispill vum amerikanesche Folk-Pop-Duo Us The Duo. D'Carissa an de Michael Alvarado hunn eréischt d'lescht Joer en Album mat lauter Coverversiounen op de Marché bruecht. Op Covers From Home fënnt een och nach Stécker vum Olivia Rodrigo, Maroon an Hoozier. Fir de Fall datt dir de 5. Juni 2016  ab der Rockhal vum Concert vu Pentatonix dobäi waart, hutt dir Us The Duo eventuell scho Live gesinn, d'Koppel huet d'Acappella-Grupp nämlech op hirer Welttour am Virprogramm begleet.