Déi brittesch Rockband Procol Harum, déi et haut nach iergendwéi gëtt awer ouni d'Grënnungsmemberen, klëmmt haut viru 55 Joer mat hirem gréisste Succès an déi brittesch Charts.

A Whiter Shade of Pale geet an hirer Heemecht an och Däitschland op d'1., an Amerika war eng 5. Plaz dran a bei den Éisträicher ass den Titel bis op Plaz 4 geklommen, e Succès deen d'Grupp bis haut net widderhuele konnt. Ma och no den Charts ass den Titel a Groussbritannien omnipresent bliwwen, esou ass A Whiter Shade of Pale dat meeschtgespillte Lidd op ëffentleche Plazen am United Kingdom. Fir de Video hat ee sech deemools fir d'Kuliss vun engem Schlass decidéiert, schéin a gutt, ma de Mix vu Biller aus dem Vietnam Krich hat fir manner Begeeschterung gesuergt, sou gouf déi éischt Versioun vum Video net bei Top Of The Pops gewisen.

Coverversioune vun A Whiter Shade of Pale ginn et der méi wéi 700. An dëser laanger Lëscht liest een Nimm wéi Joe Cocker, Willie Nelson, Bonnie Tyler, Annie Lennox, Michael Bolton, Sarah Brightman an zënter leschtem Joer och dee vun der Grupp Santana. De Carlos Santana hat d'lescht Joer d'Plack Blessings and Miracles erausbruecht, alt erëm eng Zesummestellung vu Lidder mat méi oder manner bekannte Sänger, dat geet vum Chris Stapleton, iwwer Rob Thomas an American Authors bis bei Steve Winwood mat deem dann A Whiter Shade of Pale gecovert ginn ass.