Ee vun de Pionéier vun der Hip Hop-Kultur kritt haut 58 Joer. Den MC Darryl McDaniels, den DMC vu Run-D.M.C., huet den Trio zesumme mam Joseph "Run" Simmons a Jason "Jam Master Jay" Mizell 1983 am New Yorker Staddeel Queens gegrënnt, fir dann haut zu de bekanntsten Hip Hop-Gruppen aus den 80er ze zielen.

A mat Recht; Run-D.M.C. war déi éischt Grupp vun deem Genre déi fir hir Musek mat Gold ausgezeechent goufen, dat war fir de 84er Album Run-D.M.C. an zënter 2009 ass den Trio Member vun der Rock and Roll Hall of Fame. Spéitstens 1997 dierft dann och eng méi jonk Generatioun op de Goût vun hirer Musek komm sinn, viru 25 Joer hat sech den Jason Nevins en Häerz geholl an d'Lidder It's Like That an It's Tricky gepimpt, woubäi It's Like That a ville Länner op der Spëtzepositioun vun de Singlecharts stoung. An den 80er war der Grupp en änleche Coup gegléckt, wéi se 1986 Walk This Way vun Aerosmith nei opgeholl haten. Eng Initiativ déi vum Produzent Rick Rubin aus gaangen ass, allerdéngs ware Run-D.M.C. net immens begeeschtert, bis op den Jam Master Jay, a woussten och net sou richteg wien iwwerhaapt Aerosmith wier. D'Zweiwel sollte sech also net confirméieren an déi nei Versioun vu Walk This Way hat méi Succès wéi déi Al.

Eng akustesch, a virun allem originell Coverversioun, vun dëser Coverversioun geet et op de Kont vun der amerikanescher Hard-Rock a Bluegrass Grupp Hayseed Dixie déi sech virun 22 Joer zu Nashville forméiert huet an am Ufank nëmmen AC/DC-Lidder gecovert huet. Hayseed Dixie spille vill, a gären, Concerten a sinn dëse Summer ënner anerem an Irland, Wales, England, Schottland an och an Dänemark ënnerwee; kleng Anekdot vun hiren Optrëtter, d'Grupp encouragéiert d'Leit fir hir Concerten ze filmen an duerno an de sozialen Netzwierker ze verbreeden, eppes wat de Gros vun den Artisten jo eigentlech net sou gutt fënnt.