Den 1. Juni 1964 landen d'Rolling Stones um Kennedy Airport zu New York, net fir Vakanz ze maachen, mä fir hir éischt Amerika-Tour 4  Deeg méi spéit a Kalifornien unzefänken.

Wéi de Vol 505 vu British Airways zu New York gelant war, hunn eng 500 Fans op d'Britten um Fluchhafe gewaart. Et gëtt awer nach en aneren Ophänkert firwat haut de Choix op d'Stones gefall ass, hire Gittarist, de Ron Wood, huet haut Gebuertsdag, kritt iwwregens 75 Joer, war awer deemools net zu New York dobäi well de Ron eréischt 1975 bei d'Stones komm ass. Op der Sich no enger kreativer Coverversioun vun engem Rolling Stones-Titel, ass an den Déifte vum Internet eng Reggae-Versioun vu Start Me Up zum Virschäi komm.

A wann ee vu Reggae schwätzt, kéint ee jo eigentlech mam Bob Marley rechnen, an dësem Fall awer net. De Museker ëm deen et hei geet, heescht Frederick Nathaniel "Toots" Hibbert an zielt, grad ewéi de Bob Marley, zu de Pionéier vum Reggae, deen awer eréischt virun 2 Joer am Alter vu 77 Joer vun eis gaangen ass an esou 6 Joerzéngte laang Musek gemaach huet, dorënner e ganze Koup Coverversioune wéi zum Beispill Start Me Up vun de Stones. D'Grupp, The Maytals, déi zesumme mam Toots opgetruede sinn, hunn nom Doud vum Museker matgedeelt datt Se weider Musek maachen.