E Multitalent huet haut Gebuertsdag; Pianist, Produzent a Multiinstrumentalist. Den Tim Rice-Oxley vu Keane kritt haut 47 Joer.

A vu datt Keane nach net an dëser Rubrik drukomm ass, wier et den idealen Zäitpunkt fir dat dach mol ze maachen. Beim Lidd Somewhere Only We Know kéint een elo direkt un d'Coverversioun vum Lily Allen denken déi virun 9 Joer am Kader vun enger Reklamm ronderëm Chrëschtdag erauskomm ass, ma et ginn nach aner Kënschtler déi sech un dësem Keane-Lidd inspiréiert hunn. Den Original ass um éischten Album Hopes and Fears vun der englescher Band ze fannen a sollt et bis op déi 3. Plaz vun de britteschen Charts packen. Ëm eng spezifesch Plaz geet et wéi et schéngt net, fir d'Grupp kéint een iergend eng Plaz awer och e Gefill eran interpretéieren.

Vum Lily Allen gëtt et also eng relativ bekannte Versioun vu Somewhere Only We Know, ma och d'Natasha Bedingfield an ënner anerem och Lifehouse hunn d'Lidd scho gecovert, grad ewéi d'Renée Dominique vun de Philippinnen, déi Sängerin dierft awer manner bekannt sinn. Obwuel. D'Renée ass keng Onbekannte am Internet; op hirem Youtube-Kanal si méi wéi eng Millioun Leit abonéiert a kucken also reegelméisseg wat d'Sängerin esou zwafft. Och déi heite Versioun ass am Kader vun enger Reklamm fir Chrëschtdag populär ginn. Samsung hat sech dat Lidd 2018 fir e Spot erausgesicht.