Nëmmen nach 3 Deeg, da kënnt déi 3. Plack vum George Ezra Gold Rush Kid an d'Butteker oder op d'Streamingplattformen. Zënter 3, 4 Méint mécht de Singer/Songwriter reegelméisseg Loscht op säin neit Material, fir d'éischt dat Lidd mam Lidd Tiger Lily (Anyone For Yo), duerno Green Green Grass a viru kuerzem och nach I Went Hunting.

A fir d'Zäit op den neien Album nach e bësse méi agreabel ze gestalten, ginn et vun Anyone For You a Green Green Grass och nach divers aner Versiounen, ënner aneren vum Sam Feldt a vum Nathan Dawe, a selbstverständlech och akustesch Versiounen. Passt jo immens an dës Rubrik. Dowéinst dës Kéier kee Blabla, dach e bësse schonn, well den George Ezra huet haut Gebuertsdag, hie kritt 29 Joer. Déi akustesch Versioun vu Green Green Grass gëtt et souzesoen als Kaddo.