Haut sinn et op den Dag genee 26 Joer hier datt The Fugees hiren éischten Nummer 1. a Groussbritannie feieren. Nieft eegene Kompositioune waren um Album The Score deemools och Neiinterpretatioune vu bekannte Lidder drop, zum Beispill No Woman No Cry vum Bob Marley a selbstverständlech Killing me softly.

Ëm deen Titel soll et dann haut och goe well Dëse viru 26 Joer op der éischter Plaz vun Singlecharts am United Kingdom stoung. An hirer Heemecht sollt den Titel et net an d'Billboard Hot 100 packen, ma d'Radioen an Amerika hu Killing me softly nawell gespillt, an den Airplaycharts war eng 2. Plaz dran. Ma net nëmmen a Groussbritannie war d'Versioun vun The Fugees beléift, och an Däitschland, Éisträich an och an der Schwäiz stoung d'Lidd op der 1. Plaz vun den Charts.

D'Lidd heescht am Original Killing me softly with his song an ass u sech d'Resultat vun engem Don McLean-Concert. 1971 war d'Sängerin Lori Lieberman am Club Troubadour zu Los Angeles wéi den Don McLean do säin Optrëtt hat an ënner anerem d'Lidd Empty Chairs gespillt huet. D'Lori ware schwéier begeeschtert an huet sech e puer Notizzen op enger Zerwéit geholl. Aus deenen Wierder huet den Norman Gimbel en Text gebastelt an den Charles Fox d'Musek komponéiert. Et ass dann och d'Lori Lieberman dat d'Lidd als éischt erausbruecht huet, e Joer méi spéit, 1973, gëtt dann d'Versioun vun der Roberta Flack publizéiert, en Nummer 1. Hit an de States a mat 3 Grammyen ausgezeechent.