Fans vu Muse dierften den Ament déck zefridde sinn, déi englesch Rockgrupp presentéiert sech aktuell op de grousse Festivaller an dëst Joer kënnt jo och nach eng nei Plack vun hinnen eraus. Dobäi kënnt dann haut och nach de 44. Gebuertsdag vun hirem Sänger, Gittarist a Keyboarder Matthew Bellamy.

A schonn eleng de Gebuertsdag ass Grond genuch fir Muse mol eng Kéier an dës Rubrik ze huelen. Eng akustesch Coverversioun gëtt et awer net, dat iwwerhëlt d'Grupp einfach elo selwer. Wärend d'Communautéit op den 9. Album Will of the People waart, op deem ënner anerem Kricher an Europa an d'Stierme vum Kapitol thematiséiert ginn, geet eis Rees elo zeréck bei den Album do virdrun, Simulation Theory, op deem dat, an hiren Aen, vergëfte politescht Klima an Amerika verschafft gouf. Déi Plack ass tëscht dem Januar 2017 a Juli 2018 entstanen. Ënnert deenen 11 Lidder vun dësem 8. Album ass dann och den Titel Dig Down ze fannen, natierlech vum Matthew geschriwwen, am deem et drëms geet der Negativitéit op der Welt d'Stier ze bidden an de Leit Optimismus an Hoffnung ze gi fir dofir ze kämpfen u wat ee Gleeft, datt een de Choix huet d'Welt ze ännere wann een dat wëllt.

Op der Deluxe Versioun vu Simulation Theory huet d'Grupp 5 Lidder méi drop gepaakt, op der Super Deluxe Versioun sinn et souguer 10 Lidder méi, dorënner e Pak Remixer an och akustesch Versioune wéi zum Beispill vum Titel Dig Down a souguer mat engem Gospel Chouer.