Haut viru 57 Joer steet de Robert Allen Zimmerman an de Columbia Recording Studios zu New York. Et waren d'Opname fir den Album Highway 61 Revisited. Dee Robert kennt ee warscheinlech besser ënnert dem Numm Bob Dylan.

De 16. Juni 1965 hëlt den Dylan d'Lidd Like a Rolling Stone op. Nieft him am Studio och e gewëssenen Al Kooper dee mat senger Hammond Uergel e Sound gebastelt huet deen och Joren duerno nach op der ganzer Welt direkt erëm erkannt gëtt. Like a Rolling Stone gëtt reegelméisseg gecovert, d'Stones dierften dat bescht Beispill sinn.

Eng akustesch Coverversioun ass am Mäerz dëst Joer eraus komm. Den amerikanesche Museker Matthew Houck, mécht ënnert dem Numm Phosphorescent Musek, bréngt dëst Joer all Kéiers wa Vollmound ass eng Coverversioun eraus. Dat heescht dann och ganz treffend The Full Moon Project. 6 Lidder si schonn disponibel, dorënner Coverversioune vu Kënschtler wéi Randy Newman, Nina Simone an ebe Bob Dylan.