Gëschter war den Thom Yorke vu Radiohead an der Abtei Neimënster, allerdéngs net mat Radiohead mä mam Projet The Smile, bei deem och nach den Tom Skinner an den Jonny Greenwood aktiv sinn. Haut dierft den Thom awer houfereg op seng Musek mat Radiohead sinn, well haut viru genee 25 Joer klëmmt den 3. Album OK Computer op déi éischt Plaz vun de britteschen Charts.

Houfereg wéinst dem Succès awer sécher och houfereg well et deen éischten Album vu Radiohead war deen d'Grupp selwer produzéiert huet. Fir vill Kritiker war OK Computer de beschten Album vun deem Joer an e Grammy an der Kategorie Best Alternative Music Performance gouf et och nach. Nieft Paranoid Android dierft Karma Police dee bekanntsten Titel vun där Plack sinn a genee dee gëtt dës Kéier akustesch gecovert.

Vum Lena Hall, an dat ass dës Kéier en net grad sou onbeschriwwent Blat. D'Lena war nämlech an der Serie Sex and the City an am Remake vum Rock-Musical Hedwig and the Angry Inch ze gesinn. Nieft Filmer a Serien huet d'Lena Hall awer och Musek opweises, de Fokus läit dann awer op Coverversiounen, sou ginn et eng helle Wull Kompilatiounen op deenen d'Lena Musek vun ënner anerem Muse, Jack White, David Bowie, Pink an eben och Radiohead covert. Sou eng Zort Best Of ass virun 2 Joer ënnert dem Titel The Villa Satori: Growing up Haight Ashbury erauskomm, do drop dann och Karma Police.