Haut viru 44 Joer kënnt d'Nicole Prescovia Elikolani Valiente zu Honolulu op d'Welt. D'Nicole kennt een ënner anerem duerch d'Grupp Eden's Crush, e Resultat vun der Castingshow Popstars, duerno duerch d'Pussycat Dolls an ënner anerem duerch d'Bezéiung mam Lewis Hamilton.

A firwat heescht d'Nicole haut Scherzinger mam Familljennumm? E puer Joer nodeems d'Nicole op der Welt war, hu sech Mamma a Pappa getrennt a mam däitschamerikaneschen Zaldot Gary Scherzinger hat d'Mamma en neie Partner. Deen huet d'Nicole adoptéiert an déi spéider Sängerin deem säi Familljennumm ugeholl. Grousse Succès haten d'Pussycat Dolls viru 17 Joer wéi hir Debutsingle Don't Cha op d'2 an de States an op d'1. a Groussbritannie geet. Bei den Englänner war et souguer de Sprong vun 0 op d'1. dat hate virdrun nëmmen d'Spice Girls, B*Witched a Girls Aloud fäerdegbruecht.

Eng Rock'n'Roll-Versioun vun deem Lidd, bei deem am Original de Rapper Busta Rhymes gefeatured ass, hunn The Baseballs 2009 erausbruecht. Dat ass eng Grupp vu Berlin déi nëmmen 2 Joer virdru gegrënnt ginn ass. De Sam, den Digger an de Basti hate fir den Debutalbum Strike! ënner anerem d'Lidder Umbrella, Bleeding Love, Crazy in Love an eben Don't Cha op hir ganz eege Manéier gecovert. Mat Succès. Den Album huet et an d'Däitschland bis op Plaz 5 vun den Albumcharts gepackt.