Viru genee 38 Joer steet dem Bruce Springsteen säin Dancing in the Dark op der 2. Plaz vun den amerikanesche Singlecharts. Fir d'Plaz 1. sollt et net duergoen.

Ass awer och keen Drama, well déi nächst 5 Singlen aus dem Born in the U.S.A.-Album packen et och alleguer an d'Top 10 vun de Billboard-Charts. De Video fir Dancing in the Dark gouf deemools am Saint Paul Civic Center am Minnesota gedréint. Natierlech mam Boss am Mëttelpunkt, ma iergend Eent huet de Museker jo gebraucht fir am däischteren ze danzen; et sollt dat deemools nach ganz jonkt Courteney Cox sinn. D'Schauspillerin kennt een haut duerch divers Filmer a virun duerch d'Serie Friends an där d'Courteney d'Monica spillt.

Musek vum Boss gëtt natierlech gäre gecovert, och akustesch. Sou huet zum Beispill déi schottesch Kënschtlerin Amy Macdonald Dancing in the Dark virun 13 Joer am Kader vun der Publikatioun vun hirer Single Run opgeholl an erausbruecht. D'Amy spillt d'Lidd reegelméisseg als Zugab op den eegene Concerten.