Mir feieren haut de 60. Gebuertsdag vum Dan Murphy. Géing een och nach gutt wësse wien deen Dan Murphy ass. Abee dee spillt Gittar bei der amerikanescher Grupp Soul Asylum.

Dann dierft och elo scho kloer si wéi een Titel vun dëser Grupp akustesch gecovert gëtt; selbstverständlech Runaway Train. Dat war definitiv hire gréisste Succès, déi 4. Single aus dem 1993er Album Grave Dancers Union stoung a ville Länner op der Welt an den Top 10 vun den Charts, dorënner op der 1. a Kanada an a Litauen. Deen Erfolleg ass warscheinlech och op de Video fir Runaway Train zeréckzeféieren, an deem gesäit ee Gesiichter vu Persounen, dorënner vill Kanner, déi all vermësst goufen. Duerch de Video konnte 26 vermësste Persounen erëmfonnt ginn, allerdéngs goufen et och dramatesch Geschichten hannert de Gesiichter, bei e puer Gesiichter war Gewalt a Mord dat trauregt Resultat, allerdéngs ass et den Autoritéiten och gegléckt eng Partie Gewaltverbriecher an de Prisong ze kréien.

Déi akustesch Coverversioun déi dir haut ze héiere kritt, ass vum Elena Monis, leider ass net all ze vill am Netz iwwer d'Interpretin ze fannen. D'Versioun vum Elena Monis ass viru 7 Joer mam Album The Perfect Balance erauskomm op deem och nach akustesch Versioune vun The Reason vun Hoobastank, Every Morning vu Sugar Ray an ënner anerem If It Makes You Happy vum Sheryl Crow ze fanne sinn.