Et soll mol ee soen d'Museker hätte sech an der Vergaangenheet vill Zäit gelooss fir Lidder ze coveren. E gutt Beispill ass dem Bob Dylan säin Mr. Tambourine Man deen am Januar 1965 publizéiert ginn ass. Eng richteg Folk-Nummer à la Dylan. Nëmmen 3 Méint méi spéit bréngen d'Byrds hir Versioun eraus a mësche Rock ënnert de Folk an zielen dowéinst haut zu de Pionéier vum Folk-Rock.

Et gëtt och e gudde Grond firwat et haut ëm Mr. Tambourine Man geet, de Roger McGuinn vun de Byrds, Sänger a Gittarist, kritt haut 80 Joer. Hie war iwwregens deen eenzege Member vun de Byrds dee bei dësem Hit matgespillt, déi aner Museker war lauter Session-Museker. Den Original vu Mr. Tambourine Man geet also op de Kont vum Här Dylan deen deemools, an och nach haut, fir d'Zweedeitegkeet vum Lidd gefeiert gouf. Wann ee sou wëll kann een d'Lidd op verschidde Manéieren interpretéieren; dat geet vum Drogekonsum, iwwer e Kënschtler dee seng Muse beséngt oder reliéis Interpretatiounen.

Nieft der Versioun vun The Byrds ginn et nach e ganze Koup aner Coveren, ënner anerem vum Judy Collins, The Four Seasons, Joni Mitchell, Crowded House a souguer vum William Shatner. Ma och de Stevie Wonder hat Mr. Tambourine Man fir säi 66er Album Down To Earth opgeholl, an déi soll et dann haut sinn.