Et ass iergendwéi Zäit vun de Gebuertsdeeg am Musekbusiness. Haut ass de 35. vum Imagine Dragons-Sänger Dan Reynolds.

Den Dan kënnt de 14. Juli 1987 zu Las Vegas als 7. vun am ganzen 9 Kanner op d'Welt, hien huet 7 Bridder an eng Schwëster, de Pappa ass Affekot. Ier et mam sange lass gaangen ass, war den Dan Reynolds vill bei de Scouten aktiv a war souguer als Missionär fir d'Church of Jesus Christ of Latter-Day Saints ënnerwee, deet sech awer haut schwéier mat der Kierch hiren Usiichte wat d'Homosexualitéit betrëfft a léisst d'Relioun och aus der Erzéiung vu senge Kanner eraus, där huet hien der 4. De kommerziellen Duerchbroch feieren d'Imagine Dragons direkt mat hirem Debut-Album Night Visions an de Lidder It's Time, Demons a Radioactive, déi Lidder waren och all virun engem Mount um Belval op hirem Open-Air-Concert ze héieren.

An dëser Rubrik si mir der Grupp Boyce Avenue schonn 1, 2 mol begéint, sou dann och haut fir déi akustesch Coverversioun vu Radioactive déi op der Kompilatioun Cover Sessions Vol 3. vu virun 9 Joer ze fannen ass.