Vill national Kënschtler dreeme vun Optrëtter op den internationale Bünen. En Dram dee sech d'Grupp Rome ronderëm de Jérôme Reuter deels erfëllt huet. Allerdéngs ass eng vun hiren Destinatiounen den Ament duerch e Krich knapps bis guer net méi accessibel. Trotzdeem huet de Lëtzebuerger virun e puer Wochen en Optrëtt an der Ukrain gehat, am Westen do wou déi russesch Invasioun bis ewell nach kee Leed a Schued hannerlooss huet. Dës Andréck an d'Frëndschaft mat den Ukrainer hunn eng spontan EP entstoe gelooss.

03/08/2022 Rome: lëtzebuergesch Musek an der Ukrain

D'Relatioun mam Land huet viru ronn 7 Joer ugefaange wéi Rome éischt Concerte gespillt goufe ma séier huet ee Land a Leit kennen a schätze geléiert. Datt Rome sou no un de Krich erukomm ass, huet och indirekt mat Corona ze di sou de Jérôme Reuter.

Déi lescht Kéier sollt 2020, du koum Corona an alles gouf op de Februar dëst Joer verluecht. Et waren 2 Solooptrëtter zu Kiew an Odessa, 4 Deeg ier d'Invasioun ugefaangen huet.

D'Arees an d'Ukrain war e gudde Krack méi komplizéiert an och wann et am Weste vum Land méi roueg ass, gëtt een op Schratt an Tratt drun erënnert datt an deem aneren Eck vum Land Leit stierwen. Dat hannerléisst natierlech och Spuere beim Museker.

Do kuckt ee mat 3 Aen a lauschtert mat 7 Oueren. Wéinst dem Fligeralarm gouf et net vill Schlof, dat kennt een zwar aus Filmer, mä wann een dat erlieft, kritt een e ganz anere Respekt virun de Leit déi dat erliewe mussen. Et sinn Andréck déi nach ëmmer verschafft gi, warscheinlech och als Lidder.

Déi Frëndschaft mat der Ukrain an hiren Awunner an d'Invasioun vun de Russe waren de Grondsteen fir d'EP Defiance vu Rome déi fir Rome-Verhältnisser dach zimmlech séier fäerdeg war.

Et ass eng emotional Reaktioun. D'Lidder sinn do a musse geschriwwe ginn, ouni grouss z'iwwerleeën. Dat war net geplangt.

De Jérôme Reuter probéiert natierlech och an der Ukrain ze hëllefen.

Mir hunn zwee Streams gemaach. Een am Mäerz vu Lëtzebuerg aus bei deem mir eisem Promoter gehollef hu Material fir Flüchtlingen erbäi ze kréien an en 2. Stream zu Lviv.

Déi ganz EP Defiance vu Rome kann ee gratis am Netz consomméieren, awer och op de legale Plattformen eroflueden.