Viru 5 Joer, koum de 15. a bis ewell leschte Album vu Pink Floyd eraus. 20 Joer no "The Division Bell" gouf et domat nees e Liewenszeechen vun der britescher Rockband "Pink Floyd", déi just nach aus David Gilmour an Nick Mason besteet.

01/01/2019 Pop History: Pink Floyd - "The Endless River"

Mä de Rick Wright, deen 2008 gestuerwen ass, ass op deem neie Pink Floyd Album nach ze héieren. Well de Gros vun den Iddien déi op "The Endless River" ze héiere sinn, si viru gutt 20 Joer, bei den Opnamen vun "The Division Bell" entstan. Den Nick Mason beschreift "The Endless River" als zweet Hallschent vun "The Division Bell"...

De Gros vun deene 55 Minutten um Album sinn also Instrumental. Stécker déi Pink Floyd zum Deel schonn 1993 opgeholl hunn, bei deem si e puer méi nei Deeler dobäi gefléckt hunn, oder nei agespillt hunn. An op deenen original Opnamen vun deemools ass de Rick Wright nach drop ze héieren. Den Nick Mason an den David Gilmour sinn sech eréischt bei der Produktioun vun dësem Album bewosst ginn, wat si un hirem Keyboarder haten.

Den Album kënnt op zwou LPen eraus, am gudden ale Vinyl, a gëtt esou dem Konzept och am Beschte gerecht. En ass nämlech a véier Säiten agedeelt. Den David Gilmour beschreift en als ee Floss vu Musek, dee sech lues a lues a véier verschidden Deeler iwwert 55 gelunge Minutten opbaut.

A grad ewéi virun 20 Joer op "The Division Bell" ass och op deem neien Album nees de Physiker Stephen Hawking ze héieren.

Et gëtt natierlech och eng CD Versioun vum Album, op deem déi 18 Lidder dann hannerteneen kommen, an de Floss wierklech net ënnerbrach gëtt. An dee Floss hält dann an deem längsten net instrumentale Lidd um Album op (woubäi och do den instrumentalen Deel méi laang ass ewéi dee gesongenen): "Louder Than Words", ee Lidd, bei deem dem David Gilmour seng Fra, d'Polly Samson den Text geschriwwen huet.

Pink Floyd maache mat "The Endless River" ee Krees zou, dee mat "The Division Bell" ugefaangen huet, an 20 Joer an der Maach wor. Esou guer den Titel vum neien Album geet zeréck op "The Division Bell", well dat lescht Lidd op deem Album, "High Hopes" hält quasi mat de Wierder "The Endless River" op.

Haut kënnt deen neien Album vu Pink Floyd eraus, deen dem Monumentalwierk vun där Band méi ewéi gerecht gëtt. Et gëtt en op Vinyl, op CD an op DVD, op deem den Album och nach eng Kéier am 5.1 Surround Sound drop ass, an nach 6 Videoen.