5 Panzerknacker probéieren dëse Samschdeg de Moien, de Code vum RTL-Safe ze knacken.

Wien déi lescht vun de 4 Ziffere fënnt, flitt mat der d'U.L.T. fir Silvester a Lapland. Nom Transfert vun doheem op de Findel geet et mam exklusiven Direktvol vun der Luxair op Ivalo. Hei schlooft Dir 3 Nuechten am lokale 4-Stären-Hotel Riekonnlinna inklusiv Kaffi, dem Termal-Outfit an enger mystescher Silvester-Nuecht.

Dës ganz Woch kann all Dag ee Kandidat sech qualifizéieren, fir um Samschdeg an der Final um hallwer 10 matzespillen.
Lauschtert also fläisseg de Radio a maacht mat.

D'RTL-Panzerknacker, dës Woch zesumme mat der U.L.T., alles Vakanz