Virun 23 Joer steet déi amerikanesch R&B-Band Blackstreet op der 1 an de Billboard Hot 100.

09/10/2019 Pop History: Blackstreet

Et ass de gréisste Succès vun der Band, déi viru genee 28 Joer gegrënnt gi war a bis haut nach zesumme Musek mécht, obschonns se schonn zënter laange Joren net méi un hir grouss Erfolleger aus der Mëtt vun den 1990er erukomme kënnen. Eng éischte Kéier packe Blackstreet et 1994 an déi amerikanesch Top Ten mam Lidd BEFORE I LET YOU GO, wat et deemools bis op d'7 gepackt hat:

Dës Ballade hat de Sprong iwwert de grousse Pull awer net gepackt a war an Europa néierens an d'Charts komm. Dat ännert sech eréischt zwee Joer drop, wéi déi éischte Singleauskoppelung aus dem zweete Blackstreet Album ANOTHER LEVEL den 9. Novemer 1996 fir net manner ewéi 4 Wochen op d'1 an Amerika geet.
NO DIGGITY gëtt och an Europa en Hit, klëmmt an England zum Beispill op d'9, an Holland op d'7 an esouguer bis op d'3 an de schwedesche Singlecharts.

Fir den Titel NO DIGGITY haten sech Blackstreet och d'Ënnerstëtzung vum Dr. Dre an der Queen Pen geséchert, mä weder déi zwee Gaaschtmuseker nach d'Membere vu Blackstreet selwer konnten sech esou richteg mat NO DIGGITY identifizéieren, well kengem d'Lidd an den Text wierklech gefall hunn. Ee Gléck, dass se sech awer iwwerwonnen haten et ze sangen:
Et gëtt net just den eenzegen Nummer 1 fir Blackstreet an Amerika, mä en plus gewannen si wéinst NO DIGGITY, wat sech eleng an den USA 1,6 Millioune Mol verkaf hat, 1998 de Grammy fir dir déi beschte R&B Performance vun engem Duo oder enger Grupp.
Wéi esou vill Hip-Hop an R&B-Nummeren aus den 1990er ass NO DIGGITY awer keng Eegekompositioun vu Blackstreet, mä baséiert op den 1971er Bill Withers-Titel GRANDMA'S HANDS: