An de spéiden 80er grouss, an Ufank de 90er erwuesse ginn. Guns n' Roses maachen haut viru 28 Joer e Schratt no fir an hirer Musek, a presentéiere direkt 2 Albumen mateneen. Haut gëllen se als Klassiker: "Use your Illusion I an II". De Run op d'Plackebutteker war grouss.

17/09/2019 Pop History: Guns N' Roses ginn erwuessen

...awer net grad sou grouss, wéi erwaart - et war geschätzt ginn, bannent zwou Stonne nom Release wiere 500.000 Exemplairen fort. Guns n Roses géingen an d'Sphäre vu Bruce Springsteen a Michael Jackson opsteigen. Sou héich eraus sollt et dann awer net grad goen.

Trotzdeem si Use your Illusioun 1 an 2 d'Meeschterstécker vun Axl, Slash a Co. - Bannent enger Woch gutt annerhallef Millioune mol verkaaft, a ville Länner vu 0 op 1 an den Charts. Guns n Roses sinn erwuesse ginn, spille net nëmmen haarde Rock, mä wëssen och Blues, Klassik a Punk mat an ze bauen.

Obwuel di 2 Albumen dee selwechte Cover hunn, ënnerscheede se sech musikalesch. Dee Gielen, Use your Illusion 1, ass méi haart geroden, um Bloen, Nummer 2, geet et méi blueseg zou. 16 Lidder op deem engen, 14 op deem aneren. Vill dovu kënnen di meescht vun eis matsangen.

De Video zu November Rain, onvergiess. Covere sinn och op den 2 Albumen, dem Paul McCartney säi Bond Song a natierlech de Klassiker vum Bob Dylan.

Guns n Roses si mat de Use your Illusion Albumen zur Welt-Band ginn, Skandaler lénks a riets, Diva-Behuelen hunn hiert och dozou bäigedroen - 7x Platin fir béid Scheiwen, zesumme gutt 10 Millioune mol verkaaft - Klassiker am Regal vun de Rock-Albumen.