1983 feiert d'Tina Turner mat „Let's Stay Together“ e grousse Comeback an den engleschen Charts. Hire leschte Succès huet si am September '73 nach am Duett mat hirem deemolege Partner a Mann, dem Ike Turner. 3 Joer drop, bréngt d'Tina Turner et endlech fäerdeg, sech vun hirem Mann ze trennen.

19/11/2019 Pop History: Tina Turner

Laurent Gillander

... mä net nëmmen d'Bestietnis, och hir musikalesch Karriär geet an d'Bréch. Enn de 70er Joren hält d'Tina sech méi schlecht wéi recht iwwer Waasser - di 4 éischt Solo-Albume verkafen sech schlecht. Si gëllt als schwéier ze vermaarten, kritt awer Ënnerstëtzung vum Manager Roger Davies, dee si ugangs den 80er rëm aus dem Déif wëllt kréien. Gaaschtoptrëtter mat Tom Jones, Rod Stewart, Rolling Stones, a spéider David Bowie bréngen den Opschwong - an

1983 packt si et mam Cover vum Al Green Klassiker Let's stay together zréck an d'Top 10 vun den englesche Charts. D'Fachwelt ass begeeschtert, de Bowie suergt mat dofir, dass d'Tina e neie Plackekontrakt kritt a keng 6 Méint méi spéit steet den Album "Private Dancer" an de Regaler.

D'Tina Turner ass erëm do - What's love got to do with it gëtt déi éischte Solo-Nummer 1. 4 Grammyen sinn d'Belounung. D'Tina eruewert sech hir Plaz ënnert de Groussen zréck, ënnert anerem och mat Hitten, déi vun anere grousse geschriwwe goufen, sou zB den Titelsong vum Album aus der Fieder vum Dire Straits Mastermind Mark Knopfler.

Bei der Benefice-Single fir Afrika, We are the World, dierf d'Tina duerno matsangen, souguer de Wee op de Kinos-Ecran fënnt si 1985, nieft dem Mel Gibson am 3. Mad Max Film - den Titelsong séngt - d'Tina Turner.

D'Sängerin ass Enn den 80er e Superstar. D'Queen of Rock n Roll. Kee glate Popstar, mä eng Fra, där een ofhëlt, vu wat se séngt. 1988 wëllen 184.000 Leit si gesinn am Maracana Stadion - bis haut de Rekord fir e Solo-Kënschtler. Si ass einfach di Bescht.

An de 90er confirméiert si hir Positioun - de Succès an den Charts ass net méi grad sou grouss, bis si 1995 d'U2 Kompositioun fir den James Bond Film Golden Eye aséngt.

Dem Guiness Buch no huet keen anere Solo-Kënschtler méi Concerstickete verkaaft wéi d'Tina Turner. Enn 2000 ee Semi-Récktrëtt - si lieft zréckgezunn an der Schwäiz, 7 Joer méi spéit du rëm éischt ëffentlech Optrëtter, zB mam Beyoncé Knowles, ëmmer mol rëm héiert een duerno vum Tina.

Lo dësen Hierscht ass se nach zu London opgetrueden, quasi als Appetizer op den Tina Turner Musical, deen d'nächst Joer an der brittescher Haaptstad wäert ulafen. Et leeft also weider gutt, fir d'Queen of Rock n Roll!