De Richard Melville Hall ass am Connecticut grouss ginn. Säi Papp ass bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm wéi de Museker grad emol 2 Joer hat. 20 Joer méi spéit stierft seng Mamm u Kriebs. De Moby feiert haut säin 54. Laurent Gillander.

11/09/2019 Pop History: Happy 54 Richard Hall aka Moby

Ugefaangen huet de Richard Hall am Joer 1982 mat enger Hardcore Punk Band déi de Numm Vatican Commandos hat. Spéider huet hien och bei der Punkband Flipper de Mikro an d'Hand geholl. Seng Schoul huet hien ofgebrach fir zu New York éischt Schrëtt an der DJ Zeen ze maachen.
Seng éischt Single koum am Joer 1990 eraus. De Numm: Time's UP

Säi Lidd Go gouf am Summer vum Joer 1991 en Top Ten Hit an de britesche Charts. Ee Joer méi spéit ass en an den Top 20 vun den amerikanesche Billboard Charts opgedaucht.

D'Melodie baséiert um Angelo Badalamentis senger Twin Peaks Theme Laure Palmer's Theme.
Den Debut-Album Moby ass direkt dono eraus komm. Um Album ware Lidder drop déi en extrem séiere Beat haten. Hien steet ë.A mam Lidd Thousand am Guiness Buch vun de Rekorder well d'Lidd 1000 Bpm huet. Eppes wat ech iech elo hei erspueren.
Et huet net laang gedauert an de Moby huet dierfe fir de Michael Jackson remixen. Och Depeche Mode oder Pet Shop Boys hunn hien un hier Track erugelooss.

Bis an d'Mëtt vun de 90er ass et gutt gelaf. Dono ass et méi roueg ëm de Museker ginn. Eréischt Enn de 90er ass hie mam Album Play nees nei operstanen. Et war e Mainstream-Album ob deem d'Lidd Why Does My Heart Feel So Bad drop war.
Och Porcelain ass um Album drop gewiescht.

Am Intervall vu 3 Joer bréngt de Moby seng Albumen eraus. Säin 10. Album Destroyed ass am Joer 2010 eraus komm.
De Spëtznumm Moby leed sech vum Buch Moby Dick of. D'Buch Moby Dick hat säin Ur Ur Groussmonni Herman Melville geschriwwen.