Haut ass de 16. Doudesdag vum Johnny Cash. Hien war ee vun den aflossräichsten US-Amerikaneschen Country Sänger a Songschreiwer.

12/09/2019 16. Doudesdag vum Johnny Cash

Seng Bassbariton-Stëmm an de sougenannten "Boom Chicka Boom" -Sound vu senger Band Tennessee Three huet hie bekannt gemaach. Seng onkonventionell Texter hunn dat ganzt nach ënnerstrach.

Den Johnny Cash war dat véiert vu 7 Kanner. Säi Brudder deen 2 Joer méi al wéi hie war, ass am Alter vu 14 Joer bei engem Aarbechtsaccident gestuerwen. Seng éischt Gittar krut hien am Alter vun 10 Joer geschenkt. Vun deem Moment un krut hien och éischt Gesang-Stonnen. Säin éischte Solo-Optrëtt hat hien am Kader vu sengem Schoulofschloss.
Mat diversen Aarbechten an der Automobilindustrie huet hien sech iwwer Waasser gehalen, ier hien an de 50er Joren an d'Arméi gaangen ass. No 4 Joer huet hien hei opgehalen fir sech ob seng Karriär als Sänger a Museker ze konzentréieren.

Duerch seng Aarbecht als Verkeefer fir Elektro-Apparater huet hien Kontakter zu Museker a Produzente kritt. De Sam Phillips war de Besëtzer vun enger Plackefirma mam Numm Sun Records. Seng Éischt Single "Hey, Porter I Cry Cry Cry" ass den 21 Juni vum Joer 1955 eraus komm. Se klëmmt direkt ob déi 14. Plaz vun den Charts. Dorops hin krut hien en Slot am Virprogramm vum Elvis Presley. No a no koum seng Karriär un d'Lafen an där et e puer Legendär Concerte gouf.

Ë.A wollt hien e Concert an engem Prisong spillen. Eng Saach déi guer net esou einfach war. De Projet gouf e puermol refuséiert. Ma den 13. Januar vum Joer 1968 sollt et dunn endlech klappen. "At Folsom Prison" huet och den Album geheescht deen direkt op d'Plaz 1 vun den Charts klëmmt.

En zweete Concert gouf am August vum selwechte Joer widderholl. Hei eraus ass d'Single "A Boy Named Sue" entstanen

Wat de Cash méi al ginn ass wat seng Gesondheet méi gelidden huet. Am Joer 1988 huet hie missen um Häerz operéiert ginn. Seng Karriär war zu deem Moment um ënner goen. De Mainstream ass an d'Moud komm an et wollt kee méi Country lauschteren.

Näischt desto Trotz ass den Johnny Cash am Joer 1992 an Rock N Roll Hall Of Fame opgeholl ginn. Am Joer 1999 gouf bei him de "Shy rager" Syndrom festgestallt. Eng Parkinson-ähnlech Krankheet déi onheelbar ass.

Ma de Cash sollt am Joer 2003 u Longeversoe stierwen. Dat war haut viru 15 Joer. E Leschten Titel hat hien awer nach 3 Woche viru sengem Dout opgeholl. Engine 143.
De Cash gouf 71 Joer al.