Den Tupac huet méi wéi 75 Milliounen Albume verkaf. Domat ass hien de Superstar an der Geschicht vum Hip-Hop. Säi liewen a säin Dout war dat vun engem kriminellen.

13/09/2019 Pop History: 23 Doudesdag vum Tupac

23 Joer sinn et hier dass den Tupac Shakur erschoss gouf. Et war samschdes Owes zu Sin City. Eng ganz rëtsch un deiere Limousinnen ass vun de Casinoen aus Heem gefuer. Et war e schwaarze 7er BMW deen duerch d'Stroosse vu Las Vegas ënnerwee war. Hannert dem Steierrad souz de Labelchef Suge Knight. Nieft him säi gréisste Star: Den Tupac, besser bekannt ënnert dem Numm 2 Pac.

An der Flamingo Road ass de Konvoi bei enger rouder Luucht stoe bliwwen. Den Tupac huet d'Fënster erof gemaach fir mat de Fraen am Auto nieft him ze flirten. De Moment ass e wäisse Cadillac nieft den Auto vum Museker un d'Hale komm. Aus der hënneschter Fënster gouf 13 mol geschoss. 4 Kugelen hunn de Museker getraff. 6 Deeg méi spéit ass hien am Spidol u senge Blessurë gestuerwen. Dat war den 13. September vum Joer 1996.
De Museker gouf just 25 Joer al.

Hien war Konschtstudent an e kriminellen. E Getto Poet bei deem d'Perséinlechkeet an d'Aggressivitéit matenee verschmolt sinn. Bis zum Schluss huet hien dat Liewe gelieft. Hien huet Polizisten erschoss an Droge geholl. Wéi e Prisong vu bannen ausgesäit wousst hien nëmmen zegutt. A senger Musek ass ëm Rassismus, Aarmut an ëm d'Haart Liewen an der Stad gaangen.
Gebuer gouf hien de 16. Juni vum Joer 1971 an der Bronx. d'Mamm war bei de Black Panthers säi Pätter souz wéinst Mord Liewenslaang am Prisong.
Säi Virbild war säi Stéifpapp. Hien stoung op der Lëscht vun 10 geféierlechste Verbriecher an den USA. Et war deemno kee ganz gudden Ëmgang deen den Tupac hat.
Zeréck an d'Nuecht vum Mord. Den 2 Pac huet sech op deem Owend mat senger Gang e Boxkampf vum Mike Thyson am MGM ugekuckt. Nom Match huet hien eng Kläpperei mat enger verfeinter Gang de Crips ugefangen.

Dës wollten dat net ob sech setze loossen an et goufe Pläng gemaach wéi een sech kéint revanchéieren.
Wien genee den 2Pac erschoss huet ass bis haut net gewosst. Ma 20 Joer no sengem Dout goufen nees Ermëttlungen an deem Fall opgeholl. D'Netflix-Serie Unsolved beschäftegt sech domat.
Iwwregens bis zum Schluss war den 2Pac net frou mat de Polizisten. Ob d'Fro hie wien op  geschoss huet sot hie just *** You. Seng Lescht Wieder.