D'Amy Jade Winehouse war Enn den 00er Joren eng international erfollegräich britesch Pop- a Soulsängerin. Sechs Grammyen krut si am Laf vun hirer kuerzer Karriär. De 14. September 1983 gouf si zu Enfield, London gebuer an d'Musekerin géif haut 36 Joer kréien.

14/09/2019 Pop History: Amy Winehouse

Et war e fréien Dout deen d'Welt traureg gemaach huet. Am Alter vu 27 Joer ass d'Amy Winehouse un de Suite vun Drogen an Alkoholmëssbrauch gestuerwen.
Hiert musikalescht Talent krut si schonn s an d'Wéi geluecht. An hirer Famill gouf ëmmer vill Musek gemaach. Hire Papp de Mitch Winehouse war en Taxichauffer, dee senger Duechter dacks a gäre Lidder vum Frank Sinatra virgesongen huet. Esou huet dat jonkt Meedche relativ séier ugefaangen d'Lidder nozesangen a Spaass un der Saach ze kréien.
Hier Mamm Janis huet hier d'Gittar spille bäibruecht. De Wee an Sylvia Young Theater School huet dann de Rescht gemaach.
Ma an hirer Jugend hat d'Amy Winehouse et alles anescht wéi einfach. Si ass direkt e puermol vun de Schoule geflunn. Den Dram enges Daags an der Musek Fouss ze faassen huet si ni aus den Ae verluer.
Si wollt ëmmer, dass Leit hir Stëmm héieren a sou fir e puer Minutten hir Suerge vergiessen. E Saz, deen d'Amy Winehouse schonn s am Alter vun 13 Joer gesot huet. Eppes wat hier e puer Joer méi spéit gelénge sollt.
6 Joer ir si gestuerwen ass, hat si 25 Mio Placke verkaf. 6 Grammyen krut si iwwerreecht an onvergiess si Lidder wéi Rehab oder You Know I'm No Good.
Ma nom Duerchbroch an dem grousse Succès ass et relativ séier mat de Problemer ugaangen. Drogen an Alkohol hunn op eemol eng wichteg Roll am Liewe vun der Musekerin gespillt. Dobäi  psychesch Problemer, déi net manner goufen.
Hire leschten Optrëtt hat si den 18. Juli 2011 an der Serbescher Haaptstad Belgrad. Dee Moment huet ee scho gesi wéi schlecht et der Sängerin gaangen ass. Si ass iwwer d'Bühn gefall a krut keen Toun méi riicht eraus.
Den 23. Juli ass si dunn dout a hirem Haus zu London fonnt ginn. 4,6 Promill hat d'Amy Winehouse am Blutt. Am Alter vu 27 Joer ass si vun elo un och am Club 27 wou e.a och den Jimi Hendrix, Janis Joplin oder der Jim Morrison vertruede sinn.