Relax war déi 1. Single vun der britescher Band Frankie Goes To Hollywood. Se ass aus dem Joer 1983 a koum ee Joer virum Debut-Album eraus. Keng Single huet sech zu deem Moment méi laang an de UK Charts opgehalen wéi déi. De 15. September ass de 35. Jubiléier vun där Sinlge déi sech am längsten an den Engleschen Charts opgehalen huet. 

15/09/2019 Pop History: Franky Goes To Hollywood & Relax

Frankie Goes To Hollywood haten en Optrëtt an der Fernsehsendung The Tube. Hei gouf den Trevor Horn op d'Band opmierksam. Hien war Matbegrënner vum Plackelabel ZTT Records. Nach am selwechte Joer nämlech 1983 kruten si e Kontrakt.
Ma den Trevor Horn huet d'Lidd ufanks éischter als en Jingle gesinn. Him huet et gefall mat onprofessionellen Enregistrementer ze schaffen. Hien hat esou d'Méiglechkeet d'Lidder no senge Virstellungen ze veränneren a se sou zu engem Hit ze maachen.
Nodeems de Kontrakt ënnerschriwwe war ass eng provokant Campagne ugaangen. Et war eng strategesch Attack op d'Popmusek.
Relax sollt d'Optakt Sinlge vun am ganzen 3 Lidder sinn. Themen déi dra verschafft goufe sollte Sex, Krich a Relioun sinn. Och d'Schwulen a Lesben-Zeen ass en Thema.
Am Juli vum Joer 1983 ass mat den Opnamen ugefaange ginn. Well den Trevor Horn e Perfektionist ass war déi ganz Aarbecht fir d'Museker alles anescht wéi Relax. Si waren iwwerfuerdert. Wéi sech dunn och nach erausgestallt huet dass d'Opnahme komplett ënnert den Erwaardunge louchen huet den Trevor aner Museker engagéiert. Och déi hunn net esou gemaach wéi den Trevor sech dat virgestallt huet. D'Musek gouf ëmgeschriwwen an nei arrangéiert. Vun deem Moment stoung d'Grondgerüst.
De Gesang ass spéider drënner gemëscht ginn. Et war also um Enn just de Sänger Holly Johnson deen nach eppes mat der Produktioun ze dinn hat.
D'Lidd sollt eréischt de 24 Januar vum Joer 1984 erauskommen. Ma de Produzent huet drop gepocht dass et éischter sollt sinn. Et huet een sech op de 24 Oktober vum Joer 1983 gëeenegt. D'Lidd huet vill Diskussiounen ausgeléist. Et stoung souguer um Index. Um Enn war et déi erfollegräichste Plack aus den 80er Joren a krut am Joer 1985 e Brit Award fir déi beschte Single.
De gréissten Erfolleg hat Lidd an England et stoung ganzer 63 Wochen op der Plaz Nummer eent. Sou laang wéi keng aner Single virdrun.