Ee vun de bedeitendsten a aflossräichste Museker huet haut Doudesdag. Den Jimi Hendrix ass 1970 um 18.September am Alter vu nëmme 27 Joer gestuerwen. Nom Brian Jones, deen d'Rolling Stones mat gegrënnt huet, ass hien den 2. Museker am Club 27, also op der Lëscht vun de Museker déi am Alter vu nëmme 27 Joer gestuerwe sinn.

18/09/2019 Den Jimi Hendrix kënnt an de Club 27

Zu senge Liefzäiten huet den Jimi Hendrix ob de populäerste Museksfestivallen vu senger Zäit gespillt. Am Joer 1967 beim Monterey Pop Festival a 1969 um Woodstock. Ee Joer méi spéit war et beim Islo Of Wight.
Nodeems hie bei senger éischter Band iwwert dat internt Band-Reglement frustréiert war huet hien am Joer 1964 decidéiert eng eege Band ze grënnen. Kuerz drop gewënnt hien e Musek-Concours am Apollo Theater.
Entdeckt gouf hie vum Linda Keith, der deemoleger Frëndin vum Keith Richards. Zesummen hu si no engem Concert eppes gedronk, déi 2 goufe Frënn wat duerch dem Linda Keith hire Connections zu grousse Produzenten e grousse Virdeel fir den Jimi Hendrix war.
Am Joer 1966 huet sech Jimi Hendrix Experience gerënnt. Den éischten Hit Hey Joe a Stone Free goufe nach am Oktober vum selwechten opgeholl. Am Dezember koume béid Lidder op de Marché a konnten direkt déi 4. an 2. Plaz an den Englesche Charts anhuelen.
Seng Popularitéit konnt hien duerch den Optrëtt um Monterey Pop Festival steigeren. Et war deen Optrëtt wou den Jimi Hendrix seng Gittar verbrannt huet.
2 Joer méi spéit koum den Optrëtt zu Woodstock dobäi, dee Moment war den Jimi Hendrix scho staark Drogenofhängeg.
Kucke mer nach séier op ee vun de wuel gréissten Hitten aus der kuerzer Karriär vum Jimi Hendrix. All Along The Watchtower. D'Single déi am Oktober vum Joer 1968 erauskoum ass direkt op déi 5. Plaz an den Charts geklommen. D'Original ass awer Bob Dylan dee d'Lidd ee Joer virdrun erausbruecht huet. Den Hendrix war iwwer d'Geschicht am Lidd faszinéiert. Am Lidd geet ëm 2 Aussesäiter e Witzbold an en Déif. Den Hendrix huet d'Lidd spontan agespillt an zu engem Hitt gemaach. D'Museker aus senger Band hunn d'Lidd mol net kannt.
D'sich nom richtege Sound op der Gittar war déi gréissten Erausfuerderung fir den Jimi Hendrix. Dat huet den Jimi Hendrix frustréiert. Mat enger Béierfläsch huet hie probéiert, dono mat engem Messer fir de Solo um Enn mat engem Briquet ze spillen.
Um Enn ass do nach Geschicht mat de Percussions. Wéi den Hendrix sech ob de Wee an de Studio gemaach huet huet hien en Taxi geholl. De Chauffer huet hien erkannt a gefrot wat e grad mécht. Ech huelen eng nei Plack ob sot den Hendrix. Den Taxi Chauffer sot e géif Conga spillen. Ier dëse sech emsinn hat stoung hie mat senge Congas am Studio nieft dem Hendrix. Den Taxi Chauffer ob de Congas.
De Bob Dylan huet d'Versioun iwwregens esou gutt fonnt dass hien déi spéider a säi Repertoire iwwerholl huet.