68 Joer kritt de Bob Geldof haut. Den iresche Museker ass zanter dem Joer 1980 an der Musekwelt aktiv. Duerch säin Engagement géint déi weltwäit Aarmut-Entwécklung ass hien engem breede Publik bekannt ginn. Laurent Gillander

05/10/2019 Pop History: Bob Geldof

Am Alter vu 18 Joer huet de Geldof déi verschiddenst Aarbechte gemaach. Hien ass Camion gefuer e war Stroossemuseker, Engleschproff an en huet Reportagë fir de Musek-Magasinn Georgia Street geschriwwen.
Seng Aarbecht als Journalist huet hie mat ville Staren a Kontakt bruecht. Notamment Little Richard an Elton John. En huet ugefaangen sech fir d'Musek ze interesséieren. Hien grënnt Band The Nightlife Thugs déi sech spéider a Boomtown Rats ëmbenannt hunn.

De Geldof fir Boomtown Rats quasi alleguer d'Lidder geschriwwen. Wéi hien am Joer 1986 de Solo-Album Deep Int The Heart Of Nowwhere erausbréngt huet hien de Stil vun de Boomtown Rats weider gefouert

Vun deem Moment un ass hien als Solokënschtler ënnerwee.
De Bob Geldof war ëmmer scho sozial a politesch engagéiert. Hien war Embassadeur bei Amnesty International.
Wéi de Geldof e Reportage iwwer d'Hongersnout an Ethiopie gesinn huet hat hien d'Iddi sech dogéint ze engagéieren. De Band Aid gouf den 13. Juli am Joer 1985 organiséiert. Am ganze goufen et 3 Editioune vun dësem Festival deen ëmmer erëm grouss Bands ob d'Bühn gezunn huet.

De Geldof gouf fir säin Engagement schonn e puermol fir de Friddensnobelpräis virgeschloen. Am Joer 1986 krut hien den Titel Knight Commander. E gouf zum Ritter geschloen.
De Bob Geldof krit haut 68 Joer