De Sänger vu Boney M, de Bobby Farrell géif haut 70 Joer kréien.

06/10/2019 Pop History: Bobby Farrell

De Bobby Farrell ass den 30 Dezember vum Joer 2010 während enger Tournée un Häerzversoe gestuerwen. Haut géif hien 70 Joer kréien.
Den Hollänneschen DJ an Dänzer war Member bei Boney M déi haaptsächlech an de 70er Joren zimlech erfollegräich waren.

Zesumme mat Boney M huet hie méi wéi 150 Mio Placke verkaf, dorënner méi wéi 60 Mio Singlen.
de gréissten Erfolleg haten si am Joer 1978 mat Rivers Of Babylon

No 4 Woche waren eleng an Däitschland iwwer 1 Mio Exemplaire verkaf ginn. D'Lidd war e groussen Hit a stoung 4 Méint op der éischter Plaz vun den Charts.
Et gouf awer och Opreegung ëm d'Formatioun. Am Joer 1977 koum den Album Love for Sale eraus. Um Cover war d'Membere vu Boney M bal ganz plakeg drop. De Bobby Farrell hat näischt un ausser enger Kette mat enger Tigerkrall an e String. Déi 3 Sängerinne louchen him plakeg virun de Féiss a ware gefesselt.
Ma fir de Farrell deen ob der Bühn näischt anescht gemaach huet wéi d'Lëpsen ob d'Musek ze beweegen ass et net ëmmer esou gutt gelaf. Den 1. November vum Joer 1981 no der Release vum Album Boonoonoonoos gouf de Farrell eraus geheit. Hien war einfach ze vill onzouverlässeg.

Och wa bei Boney M aner Leit gesongen hunn sou gouf ni e grousst Geheimnis doraus gemaach. Musek ob dee Wee ënnert d'Leit ze brénge war dem Frank Farian deen d'Band produzéiert huet seng Spezialitéit. Mir erënneren eis u Milli Vanilli 10 Joer méi spéit.
Zanter dem Joer 2006 gëtt et e Boney M Musical wou souguer en Deel vun der Original-Besetzung mat dobäi ass.