Déi amerikanesch Soul & R&B Sängerin kritt haut 52 Joer. Am Laf vun hirer Karriär huet si 7 Grammyë gewonnen an 30 Millioune Placke verkaf.

07/10/2019 Pop History: Happy Birthday Toni Braxton

Am Alter vu 5 Joer ass si bei d'Musek komm. Deemools am Kierchechouer mat deem se dacks fir e gudden Zweck opgetrueden ass. D'Uni huet si spéider ofgebrach fir ganz an d'Musek eran ze klammen.
Enn den 80er ass et du lass gaangen. Zesumme mat de Gesëschter huet si Musek mat der Formatioun The Braxtons gemaach. Ee Joer drop koum e Plackekontrakt zustanen. Déi 1. Single The Good Life, déi 1990 erauskoum, hat keen Erfolleg. Hat awer den Interessi vum Produzent Natonia L.A Reid erwächt. Si hunn dem Toni Braxton eng Solokarriär proposéiert. Eng Offer, déi si ugeholl huet.
1993 koum dunn den éischten Album eraus. Et huet direkt Präisser gereent. 8 mol Platin sollt den Album kréien. Am ganzen huet e sech 10 Mio mol verkaf. E stoung op der Nummer 1 vun den US Album Charts an erreecht Top 10 an England, Däitschland an Éisträich. Direkt koum de Grammy fir The Best New Artist 1994.

Ganzer 5 Singles goufen aus dem Album ausgekoppelt. Dorënner Another Sad Love Song, Breathe Again, Seven Whole Days, You Mean the World to Me an How Many Ways. Net iwwerall sinn dës gutt gelaf. Ma am Engleschsproochegem Raum si se gutt gelaf.

Den 2. Album sollt dat nach eemol alles toppen. Secrets huet e geheescht. Méi wéi 12 Mio mol gouf dëse verkaf. Mat Lidder wéi You're Makin' Me High, I Don't Want To an dem Kenny-G-Duett How Could a Angel Break My Heart ënnersträicht si hir Presenz. Ma de gréissten Erfolleg sollt mam Lidd Unbreak My Heart kommen. Domat stoung si 11 Wochen op der Plaz 1 vun de Billboard Charts.

Nach bis haut si an der Musek aktiv, dee leschten Album koum dëst Joer eraus. De Numm: Sex & Cigarettes