De Bruno Mars feiert haut säi 34. Gebuertsdag. Den US-amerikanesche R&B Sänger, Songschreiwer a Museksproduzent huet am Laf vu senger Karriär 6 Mio. Albumen a 40 Milliounen Singlen verkaf.

08/10/2019 Pop History: Happy Birthday Bruno Mars

Am Joer 2004 ass et fir den Hawaianer lass gaangen. Hie krut säi Plackekontrakt bei kenger anerer Firma wéi bei Motown, hien hat awer ni Musek ënnert deem Label erausbruecht. Relativ séier huet hien den Umut Öztürk kennegeléiert, zesumme mat him hat hien sech no engem Joer selbstänneg gemaach an de Label Independent gegrënnt.
Virdru war hien als Produzent aktiv an hat fir Leit wéi Flo Rida, Adam Levine oder och fir Sugababes ofgemëscht.
Seng éischt Single war Nothing on You zesumme mam B.o.B.

Den Debutalbum hat de Numm Doo Wops & Hooligans a koum de 5. Oktober 2010 an Amerika eraus. Bei eis ass dësen Album eréischt 4 Méint méi spéit erauskomm. Seng 1. eegestänneg Single hat de Numm Just The Way You Are.
Eng Nummer 1 Single a ville Länner op der Welt fir déi de Bruno Mars och e Grammy an der Kategorie Best Male Vocal Performance krut.

Den 2. Album Unorthodox Jukebox ass am Dezember vum Joer 2012 erauskomm. Déi éischt Single dorausser kenne mer all.

Locked Out Of Heaven gouf zur Nummer 1 an den Charts. Genee wéi déi Single direkt dono erauskomm ass. When I Was Your Man.
Den 3. an aktuellen Album heescht 24K Magic.
4 Mio mol huet ech dësen Album verkaf. Fir déi Leeschtung krut de Bruno Mars 4x Platin.