Dem Jackson Browne seng grouss Zäit war an de 70er Joren. Een Image de Marque ware seng Protest-Albumen. Laurent Gillander

09/10/2019 Pop History: Happy Birthday Jackson Browne

Viru 40 Joer huet de Browne protestéiert. An dat um Top vu senger Karriär mat direkt e puer Albumen an den Top 10. D'Atomkraaft war säi Sujet. De Rocker ass Mëtt vun den 80er Jore mat Lidder géint de deemolege President Ronald Reagan gaangen. Hien war géint Waffenhandel an am groussen a ganze géint Interventiounspolitik vun den Amerikaner.

Ma dat alles huet awer net esou ugefaangen. De Browne war kee Mënsch dee vun Ufank un Kritik mat senger Musek maache wollt. Relativ fréi huet hien ugefaange Gittar ze spillen, spéider huet hien an der Band vum Tim Buckley  gespillt. Hien ass zu engem gudde Songschreiwer ginn.
Säin éischt Lidd koum am Alter vu 16 Joer eraus. De Numm: These Days.

D'Lidd ass haut e Klassiker. Ma och fir aner Leit huet hie Musek geschriwwen, z.B Take It Easy vun den Eagles

Dass hien esou séier geléiert huet louch dorun dass zum Jackson Browne senger Zäit Museker wéi Bob Dylan, John Lennon oder och Leonard Cohen schwéier ugesot waren. D'Inspiratioun huet hien sech bei de beschte geholl.
Den Jackson Browne huet bis haut 20 Mio Placke verkaf. Hien krut 17 Platin Auszeechnungen. Säi Succès an de 70er an den 80er war dem Online Lexikon Allmusic no keen Zoufall. Keen huet no de 60er an d'Bild vum Browne gepasst.
Privat ass et net ëmmer gutt fir hie gelaf. Am Joer 1976 huet seng deemoleg Fra sech d'Liewe geholl. Eng Scheedung stoung e puer Joer méi spéit och nach um Programm. Him gouf Gewalt am Stot nogesot. Dernieft ass seng Musek ze vill Mainstream gi wat dozou gefouert huet dass seng Musek sech net méi esou gutt verkaf huet.

Den Jackson Browne hat seng gréissten Erfolleger mat Lawyers In Love a Lives Int The Balance. Dat war 1983 a 1986. Zanterhier ass et méi roueg ëm de Museker ginn.