Haut kënnt ee ganz Groussen aus der Museksgeschicht zu Éieren an der Pop History: den David Bowie. Dofir gi mir an d'1970er Joren zréck bei deen Album, mat deem seng Karriär richteg ugefaangen huet.

04/11/2019 Pop History: The Man Who Sold The World

The Man Who Sold The World war den 3. Album vum britesche Sänger a Museker David Bowie. Am November vum Joer 1970 gouf en an Amerika verëffentlecht. Am Abrëll vum Joer dono dann och an Europa.
Am Joer 1972 am Kader vum Succès vum Konzeptalbum The Rise and Fall of Ziggy Stardust and the Spiders from Mars gouf the Man Who Sold The World nach eemol erausbruecht.
Fir d'Saach da komplett ze maachen ass en dann am Joer 1984 och nach eemol op CD eraus komm. Hei ware 4 Bonustracks drop.
The Man Who Sold The World war den éischten Album deen de Bowie mam Mick Ronson a Mock Woodmansey zesumme geschafft huet. Spéider waren si den haarde Kär vun der Band The Spiders From Mars mat deenen him ufanks  70er den Duerchbroch gelongen ass.
deD'Lidder goufen alleguer vum Bowie geschriwwen. An dat doheem a sengem Haus. Den Tony Visconti huet hei net nëmmen e puer Instrumenter gespillt, hien huet och um Enn d'Produktioun iwwerholl.
Dat ass um Enn och esou gaange well de Bowie frësch an Angela Barnett verléift war a léiwer un hier gespillt huet wéi op der Gittar.
Um Album fält dann och e Stilwiessel op. Den Album ass éischter méi rockeg. Et war dat wat een deemools ënner Hard Rock verstanen huet.
D'Lidd All The Madmen beschreift eng schizophren Renconter mam Bowie sengem Brudder deen an eng Psychiatrie ageliwwert gëtt.

After All ass am 3/4 Takt geschriwwen. Et ass also eng Walz.. D'Lidd knäppt Thematesch u fréier Wierker wéi There Is A Happy Land un.
Am Lidd Running Gun Blues ass de Vietnamkrich en Thema.
An och wann den Album vun de Kritiker ganz gutt ewechkomm ass sou ass en net direkt an Charts komm. Dat ass eréischt geschitt wéi de Bowie domat op Tour gaangen ass.
Et ass och schwéier ze soe wéi eng Lidder als Single erauskomm sinn. Offiziell goufen nämlech ni Singlen aus dem Album ausgekoppelt.
Iwwregens eng erfollegräich Coverversioun vum Lidd haten Nirvana am Joer 1993. Si haten The Man Who Sold The World ob hirem Unplugged Concert gespillt.