Et muss een net konstant an den Charts vertruede sinn. De Warren G ass e Museker deen et éischter méi gemittlech ugoe léist. Haut feiert de Museker 49 Joer, Laurent Gillander.

10/11/2019 Pop History: Warren G.

Den amerikanesche Rapper, Produzent an DJ war ee vun de Pionéier wat de West Coast Hip Hop ugeet.
Seng Karriär huet de Warren G. ufank de 90er ugefaangen. Deemools, als en Deel vun der Kalifornescher Hip Hop Formatioun 213. Hei stoung hien nieft Museker wéi Nate Dogg a Snoop Dogg op der Bühn.
Dat schéngt him net vill gesot ze hunn, well zimlech séier huet de Warren G decidéiert Solo aktiv ze ginn. Haaptsächlech fir seng 2 éischt Studioalbume war dat de Fall. Déi 2 Wierker nennen sech Take A Look Over your Shoulder a Regulate... G Funk Era. Dës Albume goufen allebéid mat Gold an e puermol Platin ausgezeechent.

Ma ier et esouwäit koum, huet de Warren G mol iwwerhaapt emol missen e Fouss an der Musekswelt faassen. Keen Aneren wéi den Dr Dre huet dofir gesuergt dass de Warren G. déi néideg Connections.
Zesummen hunn si e Lidd fir de Film Poetic Justice produzéiert. D'Lidd heescht Indo Smoke.

Am Lidd héiert een dem Warren G. seng 2 Ex Kollegen de Nate Dogg an de Mista Grimm. Kuerz drop krut de Warren G. e Plackekontrakt. D'Aarbecht huet elo richteg ugefaangen. De Warren G. huet direkt am Studio u sengem gréissten Hit geschafft. Regulate.

Ma och dëst Lidd war fir e Film geduecht. Above The Rim.
D'Single krut gutt Chartpositiounen. Genee wéi den Album och.
Héich Zäit un engem 2. Album ze schaffen. Dësen nennt sech Take A Look Over Your Shoulder. Am Joer 1997 koum dësen eraus. 3 Singlen waren hei erfollegräich. What's Love Got To Do with It featuring Adina Howard, I Shot The Sheriff oder och Smokin' me Out.