4 Museker spille mam Réck zum Publikum. No engem Buch iwwer Sadomasochismus vum Michael Leigh nenne se sech "Velvet Underground". Den 11.November 1965 spillt de Lou Reed mat senge Bandkollegen den éischte Concert zu New Jersey. Dat sinn 54 Joer hier. Laurent Gillander

11/11/2019 Pop History: Velvet Underground

De Lou Reed op der Gittar den John Cale op der Violinn de Sterling Morrison um Bass an d' Maureen "Mo(e)" Tucker ob den Drums. Deemools iwwregens déi éischt Fra ob der Batterie.
Hier Musek ass Rockmusek déi awer vill méi däischter an experimentell kléngt. Et ass anescht wéi dat wat Rolling Stones zu där Zäit gemaach hunn. Doduerch dass The Velvet Underground d'Verstäerker extrem haart opgedréint hunn si Réckkopplungen entstanen. Dëst huet d'Gittare méi aggressiv klénge gelooss.

Keng Aner Band hat esou wéineg Succès wéi si an awer hunn si et fäerdeg bruecht déi Bands déi no hinne koumen ze beaflossen. D'Musekszeitung Rolling Stone huet eemol geschriwwen: Vill Albumen hunn se am Laf vun hirer Karriär net verkaf ma et schéngt dass jiddereen dee sech eng Kopie dovunner kaf huet esou beandrockt war dass en eraus an d'Welt gaangen ass fir eng Band ze grënnen.

De Lou Reed huet d'Band gegrënnt. Ënnert The Falling Spikes hunn si ugefaangen. No engem Optrëtt ass den Andy Warhol op d'Band opmierksam ginn. Hien suergt dofir dass d'Museker Optrëtter kréien, niewebäi finanzéiert hien den Debutalbum. Et gouf awer en Deal. D'Band huet missen eng Sängerin engagéieren. Et war eng vum Warhol senge Modellen déi gesongen huet.

Et ass deen Album entstanen dee mer all kennen. Um Cover ass eng Banann déi am typesche Warhol Stil gehalen ass. D'Bild wierkt wéi eng Zopp aus der Dous.
Bandintern gouf dann och alt mol déi eng oder aner Persoun ausgetosch. Ëmmer erëm goufe Museker ausgetosch well de Reed der Meenung war dass d'Band keng Fortschrëtter méi géif maachen.