D'Lidd (I've Had) The Time of My Life aus dem Film Dirty Dancing ass haut virun 32 Joer op d'Plaz 1 vun de Billboard Hot 100 geklommen.

14/11/2019 Pop History: Dirty Dancing

D'Lidd gouf vum Frank Previte, John DeNicola an Donald Markowitz geschriwwen. Ënnert der Interpretatioun vum Jennifer Warnes a Bill Medley gouf d'Lidd zu engem weltwäiten Hit.
Den Optrag kruten si, andeems et geheescht huet et bräicht een e puer Lidder fir e Film, dee sech Dirty Dancing nennt.
Um Ufank huet de Previte ofgesot, et hätt een aner Projeten. Um Enn huet dësen dann awer zougesot.
Relativ direkt krut hien e Briefing, an deem hien erkläert krut ëm wat et am Film geet, an dass een sech e Lidd am Mambo Stile erwaart, wat lues ufänkt a séier ophale soll.
Fir de Previte eng Première, hien hat nach ni eng Mambo komponéiert sou dass hien d'Lidd zesumme mat sengem Kolleg dem John DeNicola geschriwwen huet.
D'Demoversioun hu se beim DeNicola Doheem opgeholl. Op engem Tounband mat 8 Spuren. D'Opnamen si positiv ukomm, sou dass relativ séier den Optrag erdeelt gouf en Text drop ze schreiwen.
Den Text ass entstane wéi de Previte mam Auto duerch New York gefuer ass. D'Zeil The Time Of My Life ass him dee Moment an de Kapp komm.

Ma déi 2 hunn awer och nach en anert Lidd fir de Film komponéiert. Hungry Eyes. Dëst sollt vum Bill Medley agesonge ginn. Dofir huet dësen awer nach missen iwwerzeegt ginn. Jo d'Opname goufe souguer extra vu New York op L.A verluecht. De Bill Medley wollt net op New York reese, well seng Fra zu deem Zäitpunkt héich Schwanger war.
An och d'Jennifer Warnes huet gesongen. De weiblechen Deel am Lidd. Obwuel de Bill Medley an Jennifer Warner sech ni perséinlech gesinn hunn, ass fir déi 2 den Hit vum Liewen entstanen.