Haut geet et 37 Joer zréck bei de schwedesche Quartett an do koum hiren Tittel ''Under Attack'' eraus.

16/11/2019 Pop History: Abba an de leschte Video

"Under Attack" ass e Lidd vun Abba aus dem Joer 1982. Et gouf vum Benny Andersson a Björn Ulvaeus geschriwwen. Am Lidd geet et ëm eng Fra, déi Problemer mat engem Stalker huet. d'Agneta huet am Lidd gesongen.

Den 3. Dezember vum Joer 1982 gouf d'Lidd mat der B-Säit You Owe Me One als lescht Single, vun der deemools nach aktiver Band verëffentlecht. Bei hirem leschte Fernseh-Optrëtt den 11 Dezember vum Joer 1982 hunn Abba d'Lidd Live gespillt. Dat war an der Late Late Breakfast Show.

Under Attack ass um Enn vum August vum Joer 1982 entstanen. Et war eent vun de wéinege Lidder déi opgrond vum groussen Drock deen ob der Band louch, am Studio entstanen ass. Nieft dësem Stéck ass och Cassandra entstanen.

Well sech den Andersson an den Ulvaeus net sécher waren ob Cassandra fir eng A-Säit géif duergoen hunn se nach séier The Day Before You Came komponéiert.

Et war een der Meenung dass dat Lidd besser ukomme géif wéi Under Attack. Dofir koum et och éischter eraus. Ma déi 2 Titele sinn awer och op der Compil The First 10 Years drop, dat, well d'Iddi e neie Studioalbum ze maache verworf gouf.
Bei eis gouf Under Attack eng éischte Kéier den 11 November vum Joer 1982 opgefouert. Um Dag vun Haut viru 36 Joer gouf de Musek-Video dofir gedréint. Am Clip gesäit een d'Band an enger eideler Hal.
3 Deeg méi spéit hunn se d'Lidd an der Schwedescher Sendung Nöjesmaskinen gespillt.