2 Joer nom Dout vum Freddie Mercury koum nach den Album Made In Heaven vu Queen eraus. Dat war haut virun 24 Joer, Laurent Gillander

18/11/2019 Pop History: Made In Heaven

Et war de 15. a gläichzäiteg de Leschten Album ënnert dem Numm Queen.
Nach ier den Album Innuendo am Februar vum Joer 1991 erauskoum, hate Queen am Studio vu Montreux domat ugefaangen, nei Lidder opzehuelen. Dem Freddie Mercury säi Gesondheetszoustand war zu dee Moment scho schwéier ugeschloen. Hien huet mat méi klenge Schrëtt um Album geschafft, bis en de 24. November vum Joer 1991 un de Suitte vun Aids gestuerwen ass.

D'Opname louche mol 2 Joer an engem Tounstudio. Et huet kee vun den anere Bandmembere wëlles gehat eppes domat ze maachen. Spéider hunn de Roger Taylor an de John Deacon d'Aarbechten um Album fäerdeg gemaach. De Brian May war net dobäi, dësen hat nach Soloprojeten um lafen.

Vill Lidder goufe schonn an den 80er agesongen. Et sinn zum Deel onverëffentlecht Opnamen déi hei de leschte Schlëff kréie sollten.
De Cover vum Album weist en Dag am Wanter, nodeems d'Sonn ënnergaangen ass. Et gesäit een de Genfer-Séi mat de Bierger am Hannergrond.
Den Album Made In Heaven zielt zu den erfollegräichste Studioalbume vu Queen. Den Album packt et a ville Länner op d'Plaz 1. Just an Amerika huet sech den Album net esou gutt verkaf. Um Enn ass et awer fir Gold duergaangen.

D'Lidd Made in Heaven sollt ufanks Mr Bad Guy heeschen. Ma wéi d'Band d'Lidd nei agespillt hat hunn se et a Made In Heaven ëmbenannt.
De Freddie Mercury ass de 24. November vum Joer 1991 un de Suitte vun Aids gestuerwen.