De britesche Rockmuseker Billy Idol kritt haut 64 Joer. An den 80er Joren war hien ee vun de berühmten Museker an huet ob der ganzer Welt Lidder an den Charts gehat.

30/11/2019 Pop History: Happy B-Day Billy Idol

De Billy Idol huet Philosophie studéiert. Ma relativ séier huet hien net méi vill dovunner gehalen an esou ass et komm dass den Idol seng Etüden ofgebrach huet. Hien ass doropshin an d'Punk-Zeen komm wou e seng éischte Band gegrënnt huet. Chelsea huet se sech genannt. Ma relativ séier huet hien dës Band nees verlooss fir de Grupp Generation X ze grënnen. Bis Mëtt vun de 70er Jore war si relativ erfollegräich ënnerwee.
Den Idol verschafft eng ganz Partie Traumaen a senger Musek. An der Schoul gouf hie gemobbt a genee dat verschafft hien a senger Musek.
Nodeems d'Band Generation X sech erëm opgeléist huet ass den Idol am Joer 1981 an d'USA geplënnert. Hei huet hie probéiert als haarde Kärel an der Liedersbox de Marché vun der Pop Musek ze erueweren.
Séier koume Lidder wéi Dancing with myself, Rebel Yell oder och white wedding.
De Kiss Manager Bill Aucoin hat hien entdeckt. De Produzent Keith Forsey war dann dofir zoustänneg dass de Billy Idol d'Lidd Don't You Forget About Me geschriwwen an opgeholl huet. Den Idol wollt et awer net sangen. Doduerch ass d'Lidd un d'Simple Minds verkaf ginn déi doduerch weltbekannt goufen.
Ma och den Idol hat ob der ganzer Welt Erfolleger. D'Albume Billy Idol, Rebel Yell a Whiplash Smile hunn dozou bäigedroen dass den Idol ëmmer méi e grousse Bekanntheetsgrad sollt kréien.
Den Album Charmed war am Joer 1990 dee leschten deen erauskoum. Den Idol hat dee Moment en uerge Motorradsaccident wat dozou gefouert huet dass den Album mat grousse Verspéidung erauskomm ass.
Nom Album ass et fir den Idol méi lues viru gaangen. Kee Wonner war hie scho bal 10 Joer Heroin ofhängeg. Dernieft koume Kläppereien an aner Delikter wéinst deenen hien sech viru Geriicht misse veräntweren.
Et sollt och net laang dauere bis de Billy Idol sech eng Iwwerdosis sprëtzt déi hie bal ëmbruecht huet. Vun deem Moment un huet hien den Eescht vun der Situatioun erkannt an ass an eng Kur gaangen.
Um Comeback Album Cyberpunk verschafft hien dës Erfarung.