Haut viru 37 Joer huet de Michael Jackson säi wuel gréisste Wierk erausbruecht. Den Album Thriller

01/12/2019 Pop History: "Thriller" kënnt eraus

Et ass de 6. Studioalbum vum Museker. Wéi beim Virgänger Album war et och hei der Quincy Jones deen d'Wierk produzéiert huet.
Mam Album Thriller ass de Michael Jackson zum weltwäit kommerziell erfollegräichste Museker vun allen Zäite ginn.
Vun elo un gouf hien als Megastar gefeiert. En Ausdrock dee bis dohinner net esou geleefeg war.
Um Album war eng Mëschung aus Pop R&B Post Disco a Funk drop. D'Opname goufen am Abrëll vum Joer 1982 ugefaangen. Kascht huet de Spaass 750.000 Dollar.
Vun den am ganzen 9 Lidder um Album goufen der 4 komplett vum Michael Jackson geschriwwen. 7 Singles goufen aus dem Album ausgekoppelt.
Si all hunn et an d'Billboard Hot 100 gepackt.
Mat ronn 65 Mio verkafen Exemplairen ass Thriller deen Album dee sech ob der Welt am meeschte verkaf huet. Et gi souguer Sourcen déi behaapten den Album hätt sech iwwer 110 Mio mol verkaf.

Bei de Grammy Awards am Joer 1984 huet de Jackson fir den Album ganzer 8 Präisser gewonnen.
Am Joer 2008 koum den Album nach eemol nei eraus. Déi kéier mat enger Bonus DVD an Diverse Remix-Versiounen. Sou waren um Enn 25 Lidder um Album drop. Dësen Album huet sech iwwer 3 Mio mol verkaf.

De Succès vum Album koum awer net nëmmen duerch d'Musek zustan. Den Jackson hat fir d'Lidder Beat It, Billie Jean an Thriller ganz opwänneg Museksvideoe produzéiert an da war do nach seng Danztechnik déi schonn eppes Besonnesches war. Ech erënneren un de Moonwalk.
Och seng Kostümer hunn de Michael Jackson zu enger spezieller Figur gemaach. Déi wäiss Händsch krut hei hiren éischten Asaz.
Den Album Thriller steet ob der Lëscht vum Rolling Stone ob der 20 Plaz vun de 500 Beschten Albumen ob der Welt.