Haut viru 41 Joer kënnt d'Nelly Furtado op d'Welt. De Laurent Gillander kuckt op hir Karriär zeréck.

02/12/2018 Pop History: Happy Birthday Nelly Furtado

6 Albumen huet d'Nelly Furtado bis elo erausbruecht.
A senger Kandheet war et awer net esou einfach. Scho relativ fréi huet d'Furtado ënner Depressioune gelidden. Dernieft ass si net gutt mat hiren Elteren eens ginn. Deemno ass et ze verstoen dass si sech direkt aus dem Stepps gemaach huet wéi si d'Schoul bis ofgeschloss hat.

Nelly Furtado huet portugisesch Wuerzele schwätzt awer fléissend Englesch. Si huet och scho Lidder op Portugisesch a Spuenesch gesongen. Schonn am Alter vu 4 Joer huet si ugefaangen sech fir d'Musek ze interesséierten. Inspiréiert huet si sech bei hirer Famill. De Grousspapp an hire Monni ware Museker an hier Mamm huet an engem Chouer gesongen.
Am Alter vu 7 Joer huet si schonn Ukulele gespillt 2 Joer méi spéit koum d'Trombonn dobäi. Esou huet si sech no a no ëmmer méi Instrumenter ugëeegent.
Am Alter vun 12 Joer huet si dunn hier éischt Lidder geschriwwen. Ufanks Pop spéider och Hip-Hop an R&B.
Bei engem Openthalt zu Toronto am Summer vum Joer 1965 léiert si de Hip Hopper Tallis Newkirk kennen. Hien war vum Furtado senge Fäegkeeten esou iwwerzeegt dass hien si bei den Enregistrementer vun hirem Album matsange gelooss huet.

Iwwerdeems si zu Toronto gewunnt huet huet si Lidder geschriwwen, Demoën opgeholl an huet zesumme mam Trip Hop Duo Nelstar déi eng oder aner kleng Optrëtter gehat. Um Enn huet hier de Stil net méi esou gefall an d'Nelly Furtado huet de Grupp erëm verlooss. Dat huet dozou gefouert dass et den Duo Nelstar dann och net méi gëtt.
No a No koumen Albumen eraus. Whoa Nelly, Folklore Loose oder och The Ride aus dem Joer 2017.
Nieft senger musikalescher Karriär hat si ëmmer schonn de Wonsch och an der Schauspillerei e Fouss ze faassen. Vum Theater ass eriwwer viru Kamera gaangen. Ma ëmmer erëm kënnt et fir dass d'Musek an d'Schauspillerei net ënnert een Hutt passen.

Ma Optrëtter bei CSI an am Film Max Payne waren dann awer dran.