D'Nicole Appleton war net nëmmen an der Musek aktiv ma och op der Tëlee konnt ee si gesinn. Mir beschäftegte eis haut awer mat der musikalescher Karriär vun der Madame si kritt haut nämlech 45 Joer.

07/12/2019 Pop History: Happy Birthday Nicole Appleton (45)

Et ass gutt méiglech dass deen Een oder Aneren elo net weess wien d'Nicole Appleton ass. Si war eng vun de Sängerinne vun den All Saints

Hei muss een awer och soen dass si net vun Ufank un Member an der Formatioun war. Am Joer 1993 hunn si sech gegrënnt. D'Nicole Appleton ass awer eréischt 2 Joer méi spéit bei d'Band komm.
Am selwechte Joer ass hinnen dunn och den Duerchbroch gelongen, dat mat de Lidder I Know Where It’s At an Never Ever.

Ma och um Debutalbum si Lidder drop déi et an d'Charts gepackt hunn. D'Neiinterpretatioun vu Lady Marmalade z.B. Am Original ass dës Versioun vum Patti LaBelle. Ma och Under The Bridge vun de RHCP hunn si gecovert.
Et huet ee keen Enn vum Succès gesinn dofir ass een higaangen an et huet een am Joer 1999 e Best Of Album eraus bruecht. Et war e Remix Album.
D'All Saints waren awer gezwongen eng Paus ze maachen. Melanie Blatt war an aneren Ëmstänn wat dozou gefouert huet dass d'Band bis an d'Joer 2000 inaktiv war.
Vun deem Moment un sollt et awer erëm weider goen. Nodeems Melanie Blatt erëm an der Band war sinn déi 4 Fraen direkt an de Studio gaange fir den 2. Album eraus ze bréngen.
Saints and Coffee huet dëse geheescht.
Heirop fënnt een och d'Lidd Pure Shores aus dem Film The Beach.
Um Enn vum Joer 2001 ass nach e Best-Of Album eraus komm dono hunn d'All Saints sech getrennt.
Ma si sollten nach eemol zesumme komme fir als Virband vun de Backstreet Boys op Tournée ze goen. Fir ganzer 5 Concerte ware si ënnerwee. Ma si konnten ni ganz d'Fangere vun der Musek loossen. Et wollt een et nach eemol wëssen an et gouf nom All Hits Album e 4. Wierk fäerdeg gestallt. Den Album Red Flag packt an England op déi 3. Plaz vun de UK Album Charts.
Déi éischt Single war One Strike

Am Lidd geet et ëm d'Scheedung vum Nicole Appleton mam Liam Gallagher. Weider Singles waren This Is War a One Woman Man. Natierlech ass een och op Tournée gaangen.
All d'Concerte waren ausverkaf.