De Skandal-Museker a Frontmann vun den "Doors" géif haut 76 Joer kréien. Hien ass viru 48 Joer gestuerwen.

08/12/2019 Pop History. Happy Birthday James Morrison

 En huet sech an der Musek ausgelieft. Den Jim Morrison war deen, deen dat an de Mikro gesongen huet wat an de 60er vill Leit geduecht hunn. Den Jim Morrison war eng charismatesch Perséinlechkeet vun der Rockmusek.
Hien huet sech och de Gedichter verschriwwen. Am ganzen huet hien 3 Bicher erausbruecht. Och ob der Bün huet hien dacks dovu profitéiert e puer Texter zum Beschten ze ginn.
Als Kand huet hien en Autosaccident gesinn. En Event wat reegelméisseg a Songtexter vir kënnt. Dacks héiert een d'Geschicht vum Camion deen den Indianer iwwerrannt huet. Säi Papp deen zum Moment vum Accident bei him war huet ëmmer erëm zum Morrison gesot dass en dat just gedreemt hätt. Den Trauma ass dovunner net ewech gaangen.

Wärend der Schoul mécht de Morrison éischt Bekanntschafte mat Leit déi sech der Musek verschriwwen haten. Hien hëlleft am Gesank vun der Band Rick And The Ravens. Eng Demo hat hei awer net de néidege Succès sou dass de Morrison um Enn nach deen eenzege war deen an der Band war. Hie sicht nei Memberen a baut se nei op. Och de Numm sollt änneren. Aus Rick And The Ravens goufen The Doors. De Numm huet hie vum Aldous Huxley sengem Versuch d'Auswierkunge vun den Droge wéi Mescalin an LSD ob de Mënschleche Kierper ze testen. De Numm war The Doors Of Perception.
Bekannt goufen se awer eréischt wéi se e Plackekontrakt iwwer 7 Albumen ënnerschriwwen haten. Den Debutalbum The Doors koum nëmmen ee Joer méi spéit eraus.
CUT (Break On Through)
Et ass direkt an Charts gaangen. No Break On Through koum d'Single Light My Fire eraus.

D'Lidd gouf eng Nummer 1.
Am Alter vu 24 Joer, de Morrison huet zu deem Zäitpunkt mat senger Musek de Nerv vun der Zäit getraff, war hien dat neit Sexsymbol vun Amerika. Den Jim Morrison war zu deem Moment schonn a senger eegener Welt. Weider Sessions an der Studioe ware komplizéiert. De Morrison ass dacks esou voll gewiescht dass een net wierklech gutt schaffe konnt. Haaptsächlech op de Concert war dat eng penibel Situatioun wa jiddereen do war bis op de Sänger.
Den Jim Morrison huet sech duerch säin exzessive Liewensstil selwer futti gemaach. Ob engem 03. Juli vum Joer 1971 stierft hien. Dee Moment ass ob eng Obduktioun verzicht gi well een dovun ausgaangen ass dass een et hei mat enger Iwwerdosis ze dinn hätt.
Um Enn war et e Longeversoe wat zum Dout gefouert huet.
Den Jim Morrison läit um Père Lachaise Kierfecht begruewen. Bei am ganze 70.000 Griewer ass dem Jim Morrison säint wat am meeschte besicht gëtt.