"We Didn't Start The Fire" stoung ganzer 6 Wochen op der 1 vun den US Single Charts. Dat war haut virun 30 Joer. De Laurent Gillander iwwert d'Lidd, a wéi et iwwerhaapt dozou koum. 

09/12/2019 Pop History: Billy Joel - We didn't start the fire

We Didn't Start The Fire vum Billy Joel ass näischt anescht wéi kompriméiert amerikanesch Geschicht an engem Lidd. Wéi d'Single am September vum Joer 1989 erauskomm ass mécht eng Primärschoul am Wisconsin sech den Text zum Sujet an der Klass.
D'Plakkefirma CBS reagéiert ob den ongewéinlechen Interêt vun de Schüler a bréngt We Didn't Start The Fire nach eemol nei eraus.
We didn't Start The Fire war kuerz virdru 6 Woche laang op der 1. Plaz vun den US Single Charts. D'Lidd huet direkt d'Opmierksamkeet op sech gezu well de Billy Joel matten am Lidd einfach esou ufänkt Wieder ze soen déi keen Zesummenhang hunn.

Am ganze ginn hei 129 Perséinlechkeeten an Evenementer opgezielt déi an iergendenger Form nennenswäert sinn. Dat fänkt am Joer 1949 un a geet bis zu deem Moment an deem Lidd erauskoum.

De Billy Joel hat elo eng Lëscht mat chronologeschen Elementer aus senger Zäit, hien wousst just nach net wéi e se musikalesch ëmsetze kéint. Gewosst ass dass den Text fir d'éischt do war. Ufanks sollt et e Rap ginn. Et sollt och esou opgeholl ginn. Ma well de Billy Joer näischt mat Rappen um Hutt huet huet hien iwwert eng Zort Konschtfigur nogeduecht. Um Enn huet hien dat alles op der Säit gelooss an d'Musek esou arrangéiert wéi een dat vum Billy Joel gewinnt war.
Den Opbau vum Lidd ass och ganz einfach. Wéi einfach? Dat huet hien an enger Fro an Äntwert Stonn an enger Schoul beäntwert.

Fir déi Melodie huet hie vill Kriticke kritt. Ma d'Musek war éischter Niewesächlech. Et war éischter de Contenu vum Text dee méi wichteg war. Mënschen an Evenementer opzezielen ass einfach a genial. Eng Iddi déi bis dohinner nach keen hat.
Dernieft ass Lidd och an enger Zäit vu grousse Politesche Changementer entstanen, dat war awer éischter en Zoufall. Wéi d'Enregistrement vum Lidd fäerdeg waren hunn d'Studenten zu Peking protestéiert hunn. Et wollt een d'Lidd esou séier wéi méiglech erausbrénge well een net wollt dass d'Lidd mat deene Protester a Verbindung bruecht gëtt.
Dem Joel ass et just drëms gaangen eng Chronik vum kale Krich ze zéien. Vum Ufank bis zum Schluss.